Nom Premierminister senger Deklaratioun um Mëttwoch ass en Donneschdeg an der Plenière den Debat iwwert de Regierungsprogramm.

De Luc Frieden huet no den Interventioune vun de verschiddenen Deputéierten begréisst, datt den Debat „respektvoll“ war. D’Kriticken iwwert d’Kommunikatioun hätt hien intensiv nogelauschtert, mee Widderspréch gesinn. Hie wollt a guddem Glawen der Chamber Primeur ginn. An Zukunft soll d’Chamber sech net bekloen, wa scho Saachen an der Zeitung stinn, iert se selwer d’Informatioune krut. Hie wéilt mat der Chamber a mat de Medien iwwert de "Modus Vivendi" diskutéieren.

Wat déi vill Kritik zu de Mesuren am Logement ugeet, huet de neie Premier awer betount, datt d’Situatioun déi erfuerdere géingen an hien huet betount, datt notamment steierlech Virdeeler op ee Joer Mol limitéiert géinge ginn. Wunnengsbau a Croissance a Pensioune géingen enk zesummenhänken, sou de Luc Frieden weider. De Premier huet nach emol säi Wonsch no engem breeden Debat iwwert de Wuesstem an de Pensiounssystem ausgedréckt. A sengen Ae géing et awer ouni Wuesstem de Leit net gutt goen. Hie wier sech och dem ekologesche Foussofdrock bewosst, dee Wuesstem huet, mee et bräicht een och d’finanziell Moyenen fir an d’Transitioun z’investéieren.

Dës Regierung steet fir en inklusiven an nohaltege Wuesstem, huet hien nach emol de schwaarz-bloe Fuedem resuméiert. Den Debat géing elo réischt richteg ufänken an hie géing sech drop freeën, sou nach de Luc Frieden. Op d’Froen vun Deputéierten no Zuelen iwwert d’Staatsfinanzen oder Käschte vu Recetten, ass den neie Premier um Schluss vum Debat net méi agaangen.

De Luc Frieden ass awer iwweregens dëse Samschdeg Invité am Background hei op RTL.

Kritik vu Piraten, déi gréng an déi Lénk um Donneschdeg de Mëtteg

Och kee roude Fuedem, mee en „däischtere, schwaarze Fuedem“ huet de Marc Baum am Regierungsprogramm erkannt. Et war net anescht z’erwaarden: fir den Deputéierte vun déi Lénk kéint een de Regierungsprogramm esou resuméieren, "datt déi Räich solle méi räich ginn an déi Aarm ebe sollen eens ginn". Hien huet änlech ewéi seng Virriedner vun LSAP, Gréng a Pirate festgestallt, datt wat ee méi verdéngt, ee mat de Mesurë vun CSV an DP méi entlaascht gëtt. Hien huet sech och wéi si gefrot, ewéi alles soll finanzéiert ginn. Wéi d’Sam Tanson huet hien d’neoliberal "Vodoo economics", déi de Luc Frieden wéilt ëmsetzen, kritiséiert.

"Et ass eppes faul am Lëtzebuerger System", sou de Marc Baum, wat den Demokratiedefizit ugeet. Hien huet eng Rei Zuele genannt, aus deenen ervirgeet, datt d’CSV an DP am mannste Stëmme par Rapport zur Gesamtpopulatioun hunn, mee awer 35 Sëtz an der Chamber hunn. Hien huet eng dringend Revisioun vum Walgesetz gefuerdert.

Et ass de "Robin Hood ëmgedréint", esou den Deputéierte vun de Piraten Sven Clement. Hien huet de Constat vum Taina Boffeding gedeelt, datt et keen neie Spëtzesteiersaz gëtt, obwuel d’CSV een am Walprogramm stoen hat. Och hien huet no der Géigefinanzéierung fir d’generell Reduktioun vun de Staatsrecettë gefrot. Am Koalitiounsprogramm géing näischt doriwwer stoen, par konter géinge méi ewéi 160 Mol Verben ewéi „analyséieren“ am Programm stoen: wéi all déi aner Oppositiounsparteie sinn och d’Piraten der Meenung, datt de Programm am grousse Ganze "vage" ass. Net zulescht bei der Fro, wou dat néidegt zousätzlecht Personal am Bildungssecteur oder an der Santé soll fonnt ginn.

A Punkto Logement huet de Sven Clement am Programm eng Zuel u Wunnenge vermësst, déi d’Regierung sech virhëlt ze bauen. Mat der wirtschaftlecher Croissance déi d’CSV an DP sech par konter virhuelen, wieren 8.000 nei Wunnengen d’Joer néideg. A sengen Ae géingen d’Promoteuren iwwerdeems mat den ugekënnegte Mesuren eng „gëllen Nues“ géinge verdéngen. A Punkto Migratioun an Asyl huet de Sven Clement eng "kal" Politik virausgesot, mee gehofft, datt d’CSV an DP, déi am meeschte Gemenge leeden, endlech d’Asyldemandeure gerecht verdeelen. Villes feelt de Piraten och am Kampf géint d’Aarmut.

Am Géigesaz zu 2018, wou d’Piratepartei als eenzeg Oppositiounspartei de Regierungsprogramm mat gedroen hunn, wollt se et trotz den eenzele positive Punkten dës Kéier net maachen. De Sven Clement sot et géing dës Kéier kee „mofe Fuedem“ duerch de Programm goen.

No de Fraktiounsvertrieder vun CSV, DP, LSAP an ADR en Donneschdeg de Moien, war mëttes déi gréng Deputéiert Sam Tanson als éischt un der Rei, fir de Regierungsprogramm vun CSV an DP ze kommentéieren. Si huet nach emol ewéi am Walkampf, a wéi de Jean-Claude Juncker am Joer 2002, a Fro gestallt, datt Steiererliichterungen zu méi Croissance géing féieren a sech selwer géinge finanzéieren. Déi „Trickle down“-Method géing just funktionéieren, wann d’Ekonomie scho boomt a se géing och méi Ongerechtegkeete schafen.

D’Sam Tanson hat bei sämtlechen ugekënnegte Mesuren déi nei Regierung gefrot, wéi vill Recetten de Staat doduercher verléiert, respektiv ewéi déi solle géigefinanzéiert ginn. D’gréng Deputéiert huet sech och gefrot, ob d’CSV mat hire Steiererliichterungen d’Bierger „fir net ganz gescheit“ géing halen. Éischtens huet si betount, datt d’Upassung vum Barème u 4 Indextranchë just eng vun 1,5 Indextranche wier, well déi lescht Regierung jo schonn eng Upassung vun 2,5 Tranchen decidéiert hat. Si huet och berechent, datt mat der CSV-DP Mesure e Revenu vun 3.000 Euro Brutto de Mount, just 14 Euro de Mount bäikritt. Fir e Revenu vun 12.000 wier et scho "méi interessant": do kéint een et Mol 3 multiplizéieren.

D‘Sam Tanson huet dann d’steierlech Ureizer am Logement kritiséiert. Si huet de fréieren DP-Finanzminister Pierre Gramegna zitéiert. Wéi deen den Amortissement acceleré 2020 eng éischter Kéier erofgefuer hat, hat dee gesot, datt wann déi Mesure zu méi Logement gefouert hätt, da wéisst een dat: „ça se saurait!“. D’CSV-Fraktiounscheffe vun deemools d’Martine Hansen an de Gilles Roth – elo Finanzminister - waren deemools och averstane fir den Amortissement acceleré erofzefueren, fir géint d’Spekulatioun ze goen a méi Suen an d’Staatskeess ze kréien.

A Punkto Klimapolitik huet déi Gréng Deputéiert begréisst, datt d’Pläng an Ziler vun der leschter Regierung bäibehale ginn, mee huet sech opgrond vun Aussoe vum Premier gefrot, ob d’CSV an DP dann och Wëlles hätten, déi Ziler a Musek ëmzesetzen. Déi fréier Kulturministerin huet och bedauert, datt d'Kultur d'Stéifkand vum Regierungsaccord wier. Si huet sech gefrot, wou d'Auteure vum Text déi lescht fënnef Joer ware, well se ausser Esch2022 näischt vun der Entwécklung am Kultursecteur mat kritt hätten.

Donneschdes moies waren CSV, DP, LSAP an ADR beim Debat un der Rei

Debat iwwert de Regierungsprogramm an der Chamber
Donneschdes moies waren CSV, DP, LSAP an ADR beim Debat un der Rei.

Den Ufank vum Debat huet den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz gemaach. A senger Ried goufen et keng grouss Iwwerraschungen. D'CSV géif de schwaarz-bloe Regierungsprogramm mat zwou Hänn ënnerschreiwen.

Der CSV-Fraktioun no géing de Programm dat Wesentlecht erfëllen: D'Land an d'Leit stäerken an de Leit d'Suergen an d'Ängschten, déi sech an der Lescht opgebaut hätten, nees ofbauen. De Marc Spautz huet ënnert anerem ervirgestrach, datt d'Begrëffer Sozial Kohesioun a Sozialdialog 101 Mol am Regierungsprogramm stinn. Hien ass a senger Ried och op spezifesch Punkten an der Gesondheetspolitik an am Aarbechtsrecht agaangen. Zur Aarmut an den Ongläichheeten huet de Marc Spautz ewéi de Luc Frieden e Mëttwoch de Logement als Haapt-Problem identifizéiert an d'Mesuren aus dem Regierungsprogramm an deem Beräich begréisst.

Duerno war et dann um DP-Fraktiounspresident Gilles Baum. Och hie war a senger Ried averstanen, datt fir de Bau vu Wunnengen unzekuerbelen, steierlech Virdeeler fir den Invest nees eropgefuer misste ginn, déi d’DP an der leschter Regierung limitéiert hat. Seng Fraktioun ënnerstëtzt de Regierungsprogramm – ouni Iwwerraschung – och. Graff resuméiert well en d'Attraktivitéit vum Land géing stäerken, wat noutwendeg wier, fir de Sozialstaat ze finanzéieren. Am Ufank vu senger Ried  huet de Gilles Baum awer fir d'éischt d'Aarbecht vun der leschter Regierung verdeedegt an de fréiere Koalitiounspartner LSAP an déi Gréng fir eng exzellent Zesummenaarbecht Merci gesot.

"Mir hunn elo eis Wonne geleckt", huet et vun der éischter Riednerin vun der Oppositioun, der LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding geheescht. De Virsaz vun der LSAP an hirer neier Roll wier, besonnesch dorobber opzepassen, datt d'Schéier tëscht Aarm a Räich net méi grouss gëtt. D'Taina Bofferding huet an deem Sënn bedauert, datt mat der Upassung vum Barème un d'Inflatioun, Leit Besuch vum Kleeschen kréichen, déi et net néideg hätten. Op der anerer Säit huet si drun erënnert, datt am Walkampf d'CSV proposéiert hat de Spëtzesteiersaz vun 42 op 45 % eropzesetzen, dunn am Walprogramm just nach 43 % stoen hat an elo um Enn guer keng Erhéijung vum Spëtzesteiersaz méi virgesäit. Et wier och näischt iwwert d'Géigefinanzéierung vun de Steiererliichterungen gewosst. Haapt-Kritik war och, datt de Regierungsprogramm am grousse Ganze "vague" wier. D'Taina Bofferding huet par konter begréisst, datt ee vill vun de Mesuren, déi déi lescht Regierung mat der LSAP an d'Weeër geleet huet, am Regierungsprogramm géing erëmfannen, och datt den Index erhale bleift.

Och den ADR-Deputéierte Fred Keup huet kritiséiert, datt vill Punkten am Regierungsprogramm "vague" oder "flou" wieren a ganz dacks géing just "gekuckt", "evaluéiert" oder "analyséiert" ginn. A sengen Ae géing et u Courage feelen, oder d'CSV an d'DP wiere sech einfach nach net eens. Méi schlëmm wier nach, datt et un enger Visioun géing feelen, ewéi Lëtzebuerg an 20 oder 30 Joer soll ausgesinn. Dat wou een elo scho Retard bei der Infrastruktur hätt an nach net emol bei der Millioun Awunner ass, op déi d’Land histeiert.

Kritesch war de Fred Keup dann och mat der Bildungspolitik a sot, hie kéint widderhuelen, wat d’CSV déi lescht Jore gesot hat, an elo awer net mécht. Notamment eng Paus, fir nach méi international Schoulen ze bauen. Begréisst huet hien eng Rei Mesuren am Beräich vun der Sécherheet, dorënner d’Comparution immédiate oder d’Taseren fir Polizisten.

Beim Vertrauensvott iwwert d’CSV-DP Regierung an hire Programm goufen et um Schluss just 35 Jo-Stëmmen, dat vun den CSV- an DP-Deputéierten.