Claude Wiseler demissionéiert als Co-Parteipresident vun der CSV

© Emile Mentz
D'CSV huet zanter ëm Méindeg de Mëtteg mat der neier Ministesch Elisabeth Margue nëmmen nach ee President.
De Co-Parteipresident Claude Wiseler huet am Nationalcomité nämlech seng Demissioun op deem Poste ginn. Wéi den neie President vun der Chamber RTL géintiwwer confirméiert, sinn d'Funktioune vum Parteipresident an där vum Éischte Bierger vum Land net mateneen compatibel.
Bis zum CSV-Kongress am Mäerz leed domat d'Justizministesch Elisabeth Margue als Presidentin d'Geschécker vun hirer Partei. Generalsekretäre bleiwen den designéierten EU-Kommissär Christophe Hansen an d'Stéphanie Weydert.
An de Chamberwale war d'Elisabeth Margue hannert dem Luc Frieden déi Zweetgewielt op der CSV-Zentrumslëscht, iwwerdeem de Claude Wiseler op déi 5. Plaz an der Wielergonscht koum.
No der Erna Hennicot-Schoepges, déi tëscht 1995 an 2004 d'CSV geleet huet, ass d'Elisabeth Margue eréischt déi zweet Fra an de Reie vun den CSV-Presidenten.
De Claude Wiseler sengersäits hat 2021 d'Presidence vum Frank Engel iwwerholl, dee sech dat selwecht Joer an der CSV-Frëndeskreess-Affäre hat misste virun de Riichter veräntwerten an acquittéiert gouf. D'Joer drop du gouf d'Madamm Margue Co-Presidentin, nodeem d'Parteistatute geännert gi waren.