Hautdesdaags gëtt iwwert d'36-Stonne-Woch diskutéiert. Virun enger Rei Joren nach war d'40-Stonne-Woch e grousse Succès a ville Secteuren.

Dozou gehéiert och d'Exploitatioun an de Minnen. Den Ofbau vum Äerz an d'Stolproduktioun hunn net nëmmen an der Südregioun, ma och am Recht vum Land fir voll ëffentlech Keese gesuergt.

E Méindeg um Bärbelendag gëtt am Minett un déi Leit geduecht, déi wärend 100 Joer duerch de Buedem gewullt hunn – dat zum Deel 12 Stonnen den Dag. Géif net esou vill un der Memoire geschafft ginn, dann hätt warscheinlech schonn esou muncher ee vergiess, datt d'Exploitatioun an de Minnen ee vun den Haaptgrënn fir de Wuelstand zu Lëtzebuerg ass.

Minnen, ewéi déi zu Rëmeleng, Keel, Diddeleng an Déifferdeng, hunn den Iwwergang vum aarmen Agrarstaat zum modernen Industriestaat garantéiert. Knachen-Aarbecht. Esou och den Denis Klein - ee vu senge Bopen huet säi ganzt Liewe fir d‘Minnen am Süde geschafft: "Bis 1918 sinn 12 Stonnen den Dag geschafft ginn. Do war mäi Bop elo net méi dobäi. Dono waren et 8 Stonnen den Dag, wat d‘Saach scho vill besser gemaach huet. Dir kënnt Iech virstellen, wann Dir 12 Stonnen den Dag all Saison, och am Wanter, an enger Minn schafft, wann Der ragitt ass et däischter, wann Der rauskommt ass et däischter, an ee just nach Sonndes d‘Sonn gesäit, dann ass dat net onbedéngt ideal fir d‘Laun. Do war den 8-Stonnen-Dag 1918 schonn e ganz grousse Fortschrëtt.“

Bis zu 6.000 Männer d’Joer hunn an der Minnen-Exploitatioun geschafft

D‘Aarbechter deemools gehéieren zur ënneschter Gesellschaftsschicht. Den Ofbau am grousse Stil fänkt 1870 zu Diddeleng un a kënnt 1981 zu Déifferdeng op en Enn. Ëm 1900 hu 6.200 Männer an de Minne geschafft. 6 Milliounen Tonnen Eisen-Äerz d‘Joer goufen aus dem Buedem geholl. „D‘Mineuren hunn an Ekippe vun 2 geschafft. Dat heescht, wéi mäi Bop ugefaangen huet, huet hie mat sengem Papp an enger Ekipp geschafft,” erkläert den Denis Klein, deen och Member vum Conseil vum Minne-Musée zu Rëmeleng ass. "Insgesamt hat déi Minn, wou hien do geschafft huet, ëm déi 80 Mineuren. Déi gréisste Minnen zu Lëtzebuerg konnte bis zu 300 Mineure pro Schicht hunn."

Gutt 40 Joer no der leschter Fermeture bléift nach wéineg vun der Minnen-Kultur iwwereg. E wichtege Rendez-vous dofir ass de 4. Dezember. Un deem Dag gëtt déi helleg Barbara, d‘Schutzpatréinerin vun de Minnen-Aarbechter geéiert. „Hei waren dausende Mineuren. Mir wëllen all Joers de 4. Dezember, wou si sëlwer d‘Bäerbel gefeiert hunn, am Ufank just an de Grouwen, duerno och d‘Bergwerkgesellschaften zesummen an engem grousse Cortège, och feieren,” esou de Rëmeleng Buergermeeschter Henri Haine. „Mir hunn ewéi fréier e grousse Cortège duerch d‘Stad zeien, fir drun ze erënneren, wéi schwéier hei fréier geschafft gouf a un déi gedenken déi bei den Aarbechte gestuerwe sinn.“

Dee jéngsten Doudegen hat just 13 Joer

Eng 1.500 Aarbechter si bei Accidenter an de Minnen ëm d'Liewe komm. Dee jéngsten hat 13 Joer, deen eelsten 78 Joer. De Rëmelenger Buergermeeschter: "Et ass eng ganz schwéier Aarbecht, déi déi Leit hu misse leeschten. Dat däerf een net vergiessen. Si haten och net dee Sozialstaat, wéi mir en haut kennen. Si hunn zwar och gehollef als Mineuren, dee mat opzebauen an och fräi a staark Gewerkschaft opzebauen, mee all déi Rechter, déi mir haut op enger Aarbecht hunn, hate si deemools net.“

De Bärbeldag ass och op der nationaler Lëscht vum immaterielle Kulturierwen. De Brauch gëtt zanter 1954 gefeiert.