An der zoustänneger Kommissioun huet en Mëttwoch d’Ministesch fir Gesondheets- a Sécurité sociale Martine Deprez de Regierungsprogramm presentéiert.

Ganz wäit wier een an der éischter Reunioun nach net komm, huet et dono geheescht. Haaptsächlech mam Volet vun der Pensiounskeess wier sech beschäftegt ginn. A 4 Joer ginn hei déi lafend Recetten net méi duer, fir déi annuell lafend Depensen ze decken. En neie Model muss hier. D’Regierung huet hei an hirem Programm eng breet Consultatioun vun allen Acteure proposéiert. D’Oppositioun huet esou munch Bedenken iwwert déi Iddien, déi den Ament um Dësch leien. Esouwuel d’LSAP, wéi och déi Lénk schwätze vun Alarmklacken, déi uginn. De Marc Baum vun déi Lénk bezeechent d’Proposen, wéi se um Dësch leien, als «Sozialofbau».

Graff resuméiert ass d'Ofsécherung vun de Pensiounen an 3 Pilieren agedeelt. Den Haaptpilier sinn d’Cotisatiounen un de Centre Commun, dann en zweeten mat der Zousazpensioun, déi den Employeur kann ubidden, an en drëtten, dee fir eng privat Zousazversécherung steet. D’Oppositioun fäert, dass den éischte Pilier an Zukunft wäert u Wäert verléieren. D’Regierung wéilt dofir den 2. an 3. Pilier steierlech entlaaschten. «Dat heescht de Staat wëllt esouguer Suen ausginn, fir dass d’Leit sech sollen an Zukunft privat versécheren», beschreift den Deputéierten d’Iddi. Hien fäert, dass an Zukunft just eng Mindestpensioun wäert garantéiert sinn.

Och de Vizepresident vun der Kommissioun, de Mars Di Bartolomeo vun der LSAP, gesäit d’Situatioun änlech. «D’Ministesch schléisst zum jëtzegen Zäitpunkt Bäitragserhéijungen aus. Do bleift just: Leeschtungskierzungen, respektiv, méi laang schaffen», sou den Deputéierten. Hie kënnt zu der Conclusioun dass «dës Regierung schonn drun denkt, fir d’Leeschtunge vum éischte Pilier, der allgemenger Pensiounsversécherung zréckzedrécken». Bei der LSAP géingen d’Alarmklacken un, well Saachen ënnerschwelleg géingen ugedeit ginn.

De François Bausch vun Déi Gréng sot dann, hie wier e bëssi nervös. «D’Ministesch huet e bëssi léif ausgedréckt, dass den Haaptpilier vum Pensiounsregimm an Zukunft villäicht net méi alles misst ofdecken», sou den Deputéierten. Et wier awer net gesot ginn, wéi de generelle Finanzement vun der Pensiounskeess soll ausgesinn. Hien hätt probéiert, konstruktiv Proposen ze maachen: D’Pensiounen héinge vill um Facteur Aarbecht. An Zukunft wäert d’Digitalisatioun a kënschtlech Intelligenz awer ëmmer méi eng grouss Roll spillen. De Facteur Aarbecht manner. Dofir misst ee sech an eng nei Richtung Gedanke maachen. «Betriber, déi eng héich Produktivitéit hunn a vill Beneficer maachen, mee kaum nach Leit beschäftegen, muss ee mat eragezu kréien. Och si solle beim Finanzement vum Sozialstaat an de Pensiounen hëllefen», erkläert de François Bausch.

D’Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung, d’Martine Deprez fënnt, dass d’Kriticken no der Reunioun eng vereinfacht Duerstellung wieren, vun deem wat komplex diskutéiert gi wier. «Wann een ufänkt, net einfach d’Cotisatiounen an d’Luucht ze setzen oder d’Prestatiounen erofzesetzen, ass een direkt an enger Diskussioun iwwert d’Architektur vum System», seet d’Ministesch. Da géing een iwwert d’Piliere schwätze mussen. Dat géing awer net heeschen, dass den éischte Pilier géing geschwächt ginn. «Et kann een den éischte Pilier stäerke fir eng Rëtsch Leit. An dofir den zweeten an drëtte Pilier méi interessant maachen, fir eng aner Kategorie vu Leit», erkläert d’Matrine Deprez.

De President vun der Kommissioun, de Max Hengel vun der CSV, seet, et wiere grouss Dossieren, ëm déi et hei geet. Mee et hätt een e konstruktiven an oppenen Austausch gehat. Zil soll awer ëmmer sinn, dass och déi, déi net esouvill verdéngen, net solle geschwächt ginn. Och säi Kolleeg aus der Majoritéit, de Gérard Schockmel gesäit d’Iddien, déi proposéiert goufen, net ganz esou negativ. «Vu mir aus gesinn, ass dat relativ rational, wat hei proposéiert gëtt», huet den Deputéierte kommentéiert. Et géing jo elo emol ëm d’Absichtserklärunge goen. Detailer missten nach ausgeschafft ginn.

D’ADR war no der Reunioun vun der Kommissioun net virum RTL-Mikro stoebliwwen. D’Piraten hu kee Sëtz an der Kommissioun fir Gesondheet a Sécurité sociale.