D’Immobiliëplattform atHome huet de Bilan vun dësem Joer gezunn. Do confirméiere sech d’Tendenzen, déi scho festgestallt goufen.

Op dat ganzt Joer gekuckt, an no der staarker Hausse zejoert, sinn déi annoncéiert Verkafspräisser ëm 7% zréck gaangen. An där selwechter Zäit sinn d’Loyeren am ganze Land explodéiert: +8,5%. Am Süde sinn et souguer iwwer 11% bei den Appartementer.

Am Zentrum läit den Duerchschnëttsloyer bei 2'139 Euro.

D’Loyerspräisser hunn ugezunn, soubal d’Zënse geklomme sinn. Enn des Joers huet d’Hausse vun de Loyeren elo awer nogelooss.

RTL
RTL

atHome rechent dermat, datt 2024 en Iwwergangsjoer gëtt, wou d’Zënsen ufänken zréck ze goen. Déi steierlech Mesurë vun der Regierung kéinten d’Situatioun och verbesseren. 2025 kéint dann eng richteg Reprise kommen.