Am StaatsministèreRTL-Informatiounen no gëtt de Michel Scholer den neie Chef de Cabinet

Roy Grotz
De Michel Scholer, deen aktuell fir Lëtzebuerg beim internationale Wärungsfong ass, gëtt also d'riets Hand vum Premier Luc Frieden.

De Chef de Cabinet, ee vun den héchste Beamten an der Regierung, koordinéiert all déi wichteg Dossiere vum Premierminister.

Éier de Michel Scholer op Washington bei den FMI gaangen ass, war de jonke Mann Attaché am Finanzministère. D’Plaz vum Lëtzebuerger Vertrieder beim FMI gouf entretemps och nei ausgeschriwwen.

Ënnert dem Staatsminister Xavier Bettel war de Jeff Feller Chef de Cabinet am Staatsministère. Den DP-Politiker hat 2021 de Paul Konsbrück ersat, dee Chef vu Luxconnect gouf.

Dëst ass eng zweet wichteg personell Decisioun am direkten Entourage vun der neier Ekipp vum Premier Frieden: zanter engem Mount ewell gëtt et och mam Christine Goy eng nei Generalsekretärin vum Ministerrot. D’Madamm Goy ersetzt de Jacques Flies, dee sengersäits en neie Posten an der neier Lëtzebuerger Ambassade zu Seoul a Südkorea krut. De Jacques Flies war knapp 4 Joer laang Generalsekretär vum Ministerrot.

Back to Top
CIM LOGO