Den 8. Oktober hu 75,4 Prozent vun de Lëtzebuerger Residente iwwer 16 Joer op d'mannst eng RTL-Plattform genotzt, fir sech z'informéieren.

Mat direkt zwou Walen war déi politesch Aktualitéit besonnesch intensiv am Joer 2023. Fir d'Gemengewalen an d'Chamberwale waren d'RTL-Ekippe vu Radio, Tëlee an Internet deemno Dag fir Dag gefuerdert, fir ëmmer top-aktuell kënnen ze berichten.

D'ILRES hat eng Ëmfro bei 500 Residente gemaach, fir erauszefannen, wéi verschidde politesch Emissiounen, grad ewéi de Wal-Owend am Oktober, vun de Leit gekuckt a gelauschtert goufen.

Virun de Wale gouf de Face-à-Face vum 27. September tëscht Xavier Bettel a Luc Frieden op der Tëlee an op RTL Play vun net manner wéi 171.000 Leit gekuckt. Hannendru kënnt déi offiziell Table Ronde vum 1. Oktober mat 125.000 Spectateuren an op Plaz 3 de "Kloertext Spezial - Wie gëtt nächste Premier?" vum 3. Oktober (117.000).

De Walowend selwer, also den 8. Oktober, hunn 3/4 vun de Residenten iwwer 16 Joer RTL-Medie genotzt, fir sech z'informéieren. Dat entsprécht 416.000 Residenten.

De Medium, deen den 8. Oktober am meeschte vun de Leit consultéiert gouf, war mat 52,1 Prozent RTL.lu. Do hannendru kënnt mat 51 Prozent RTL Télé Lëtzebuerg, virun RTL Radio Lëtzebuerg mat 47,7 Prozent.

Och déi franséisch- an engleschsproocheg digital Plattforme vun RTL hunn e staarke Score gemaach, mat 23,3 Prozent fir RTL INFOS a 16 Prozent fir RTL TODAY.