Wéinst de Wiederkonditioune villes am Land um Mëttwoch annuléiert

Wéinst dem gemellte Glatäis a Schnéi kënnt et e Mëttwoch zu enger ganzer Partie Ofsoen.
Hei en Iwwerbléck vun den Annulatiounen, déi d'RTL-Redaktioun bis ewell matgedeelt krut. Den Artikel gëtt permanent aktualiséiert.
Sämtlech Informatiounen an déi neisten Entwécklunge fannt Dir och an eisem Liveticker zur Alerte rouge.
Gemengen
Clierf: Wéinst der aktuell gemellte Wiederkonditioune fir Muer ass an der Gemeng Clierf keng Sammlung vun der Superdreckskëscht. Dat betrëfft souwuel d'Haus-zu-Haus-Sammlung wéi och d'Container-Sammlung.
Déifferdeng: De Campus Kannerbongert bleift zou. D'Kanner ginn um Mëttwoch an d'Schoul Woiwer, respektiv de Foyer Kornascht.
Diddeleng: Wéinst der Meteo kënnt et zu enger Partie Ännerunge bei den Ëffnungszäiten, d'Kollekte vun de Poubelle goufe verluecht an et sinn och e puer Stroosse gespaart. Informatioune fënnt een um Internetsite vun der Gemeng.
Zu Dippech gëtt d'Collecte vun de Poubellen e Samschdeg nogeholl.
Esch: Och an der Gemeng Esch bleiwe sämtlech Schoulen zou (en Accueil ass assuréiert an d'Maison-relaise sinn op), et ass kee Schoultransport an och de Pedibus fiert net. Detailer an hirem Schreiwes.
Ettelbréck:D'Gemeng Ettelbréck deelt mat, dass de Schoultransport net fiert. Wéi offiziell ugekënnegt, wäert awer en Accueil an de Schoulen & Maison-relaisen ugebuede ginn. D'Büroe vun der Gemeng maachen ausnamsweis um 16.30 Auer zou an et ass och keng Nocturne.
Gréiwemaacher: Haut gëtt de ganzen Dag kee Biooffall opgeholl, dat gëtt e Samschdeg nogeholl.
Kielen: Den Neijoerschpatt e Mëttwoch den Owend an der Musekshal Keespelt-Meespelt ass op en Donneschdes 19 Auer verluecht ginn.Weider Infoen um Site vun der Kielener Gemeng.
Wolz: D'Schwämm an d'Sportshal vum Lycée, grad ewéi d'Sportshale Millermialer a Geenzepark sinn zou.
Schoulen
Uni Lëtzebuerg: Opgrond vun de Wiederkonditiounen sinn d'Presenzexamen e Mëttwoch 17. Januar ofgesot a verréckelt. D'Studente ginn all kontaktéiert.
Lycée Technique pour professions éducatives et sociales: Opgrond vun der Alerte bezüglech de Wiederkonditioune wéilte mir eise Soziale Stamminet an der Maison de retraite St. Joseph zu Miersch e Mëttwoch den Owend 18.30 Auer ofsoen.
Message vum Inneministère: Sämtlech Examen "à distance a présentiel" si fir muer annuléiert.
D'Maacher Museksschoul bleift e Mëttwoch zou.
Athénée: D'Cours adultes e Mëttwoch den Owend sinn annuléiert.
Servicer
Bummelbus: Opgrond vun der Altere rouge annuléiert de Service Bummelbus vum Forum pour l'emploi alleguerten déi geplangten Faarten vun hire Cliente fir muer, de 17.01.2024.
STEP:Aus Sécherheetsgrënn bleiwen déi zwee Recyclingparke vum STEP zu Diddeleng/Beetebuerg an zu Téiteng/Rëmeleng e Mëttwoch, 17. Januar 2024 de ganzen Dag zou.
Post: D'Bréifdréiere fuere muer net eraus, deemno gëtt kee Courrier a keng Zeitung verdeelt. Och d'Distributioun vu Päck ass affektéiert. D'Butteker bleiwen op.
Lamesch: Wéinst der Wiedersituatioun dierfen e Mëttwoch keng Gefierer vun iwwer 7,5 Tonnen iwwer d'A1, d'A6 an d'A13 fueren. Dowéinst ass ee beim Lamesch forcéiert, d'Prestatiounen anzestellen.
Servior: D'Firma deelt mat, dass et opgrond vun der Situatioun op de Stroossen zu Verspéidungen oder Ënnerbriechunge beim "Repas-sur-roues" komme kéint.
Sigre: D'Poubellen an enger Partie Gemengen - Bech, Bous-Waldbriedemes, Duelem, Lenneng, Mäertert, Stadbriedemes a Wuermer - ginn net eidel gemaach. Dat gouf op e Samschdeg geréckelt.
Sidec: Wéinst der Wiedersituatioun gi keng Poubellen eidel gemaach. A follgende Gemenge wäert dëst dann e Samschdeg, den 20. Januar nogeholl ginn:
Biekerech: déchets ménagers
Biissen: biodéchets
Ell: déchets ménagers
Eschsauer: verre creux
Feelen: biodéchets
Stauséigemeng: verre creux
Mäerzeg: biodéchets
Préizerdaul: papier/carton
Réiden un der Atert: déchets ménagers
Ëlwen: biodéchets
Wäiswampach: biodéchets
Sport
Basket: D'Basketfederatioun deelt mat, dass all Matcher vum 17. Januar wéinst der Alerte rouge ofgesot sinn. Domat ginn 2 Matcher an der LBBL bei den Hären net gespillt, Conter - Mamer a Gréngewald - Kordall stoungen um Programm.
LASEP: Sämtlech Seancë fir muer sinn annuléiert.
Evenementer, Kultur a Fräizäit
Amicale des Anciens Spuerkeess: Leider muss d'Amicale des Anciens Spuerkeess hier Assemblée Générale vu muer dem 17 Januar wéinst de schlechte Wiederkonditiounen ofsoen.
Conservatoire du Nord, Esch a Stad Lëtzebuerg: D'Coursen an Exame vun e Mëttwoch sinn ofgesot.
Conservatoire du Nord: De Concert PopRock am CAPE ass ofgesot.
BnL: D'Nationalbibliothéik informéiert hir Lieser, datt de Bicherbus-Service de Mëttwoch 17. Januar 2024 wéinst schwierege Stroossekonditiounen ofgesot ass. D'BnL selwer bleift awer op. Donieft mécht d'BnL e Mëttwoch dann och schonn hir Dieren um 18 Auer zou. En Donneschdeg ass nees zu de gewinnten Zäiten op.
Domaines Vinsmoselle: Den Neijoerschpatt ass ofgesot.
Club Senior Prënzebierg: Déi verschidden Aktivitéiten, déi fir e Mëttwoch geplangt waren, sinn annuléiert.
Seniorentreff Käerch: D'Generalversammlung vu 14.30 Auer ass ofgesot a gëtt op en aneren Dag verluecht.
Rainbow Center: D'Lancement vu queer.lu e Mëttwoch den Owend 19 Auer ass verluecht an och den Zenter bleift zou.
Senior Club Kielen: Sämtlech Aktivitéite sinn ofgesot.