Däerf ech bei enger Alerte Rouge automatesch Homeoffice maachen?

© AFP
D'Schoulen hei am Land si wéinst dem Wieder e Mëttwoch zoubliwwen, ma wéi gesäit et op de Büroen aus? Bedeit eng Alerte Rouge e Recht op Homeoffice?
Als éischt emol gëllt: Wann näischt am Viraus festgeluecht gouf, da muss een am Prinzip op d'Aarbecht kommen. Trotzdeem kann een a Fäll wéi e Mëttwoch, wann d'Autoritéite virun onnéidegen Deplacementer warnen, net vum Chef sanktionéiert ginn, wann ee sech dofir decidéiert, doheem ze bleiwen. De Maître Jean-Jacques Schonckert erkläert, op wat een dobäi awer oppasse muss:
"Ech muss natierlech virdru Bescheed gesot hunn. Haut iwwer Mail geet dat jo relativ schnell, et geet net einfach duer ze soen: 'Mä Dir wousst jo, ech konnt net kommen'. Dat geet net. Dat muss ee scho schrëftlech hannerleeën."
De Patron ka sengem Employé deen Dag och als bezuelte Congé schenken, muss en u sech awer net. Am Bausecteur, wou keen Teletravail ka gemaach ginn, mussen d'Salariéeën zu 80% indemniséiert ginn, wa se wéinst beispillsweis enger Alerte Rouge wéi e Mëttwoch net kënne schaffe kommen.
Wann ee Kanner huet, no deenen ee kucke muss, well si wéinst enger Alerte Rouge net an d'Schoul ginn, kann ee sech och Congé huelen, ouni mussen eng Rüg oder aner Konsequenzen duerch de Patron ze fäerten. Dësen ass allerdéngs net verflicht, dem Salarié eng Pai auszebezuelen, esou de Maître Schonckert weider:
"De Patron ass net forcéiert, him déi Pai ze bezuelen, well en huet jo säin Deel vum Aarbechtsvertrag, eng Aarbecht ze leeschten, net erfëllt. Also do ass villäicht déi nei Legislatur gefuerdert, fir do eng Kéier d'Legislatioun nozekucken. Well där dote Fäll fäerten ech ganz, wäerte méi oft virkommen, Thema Klimawandel."
Och am Fall vu Kanner, op déi ee wéinst engem Ausfale vun der Schoul oppasse muss, gëllt et dem Patron Bescheed ze soen, wann een net op d'Aarbecht komme kann.