Wéi entsteet Glëtz, respektiv "fréierende Reen"?
De Luca Mathias, Meteorolog bei Meteolux, erkläert, wéi et zu Glatäis kënnt a wisou dat Phänomen u sech net sou dacks virkënnt.
Fir dass Glëtz entsteet, brauch een als alleréischt eng Waarmfront, déi opzitt. Ma als Konditioun virdrun, also iert dës Waarmfront kënnt, muss kal Loft (tëscht -1 a -5 Grad) no beim Buedem sinn, genee sou, wéi dat e Mëttwoch de Muere bei eis an der Regioun de Fall war.
Déi kal Loft ass méi schwéier an och méi resistent um Buedem, déi waarm Loft vun der Front ass méi liicht a "gleit" dohier iwwert déi kal Loft. Sou kann déi waarm Loft an Héichte vu ronn 700-1.500 Meter méi séier avancéieren, wéi beispillsweis um Buedem, sou de Luca Mathias weider. An anere Wieder: An der Héicht ass et méi waarm, wéi um Buedem.
Wann de Nidderschlag da fält, dat aus méi groussen Héichten dann a Form vu Schnéi, geet deen duerch déi méi waarm Couche, déi dann dacks positiv Temperaturen huet, an der Reegel tëscht 3 a 5 Grad. Logescherweis schmëlzt de Schnéi dann a fält als Reen weider erof.
Och wann de Reen dann nees an den negative Beräich fält, huet dësen an deem Fall net genuch Zäit, fir nees ze fréieren. De Reen fält also a flësseger Form op de kale Buedem, deen nees am negative Beräich ass. Dee Reen gefréiert hei dann direkt, an et entsteet d'Glatäis, dat um Buedem, um Auto, iwwerall do, wou en hifält. Hei schwätzt ee vum sougenannte "fréierende Reen".
Dohier ass dëst Wiederphenomen och sou seelen, well ee mam kale Frascht um Buedem an der waarmer Front ganz spezifesch Konditioune muss hunn. Hei, esou de Luca Mathias vu Meteolux, géif et dann dacks op nëmmen 1-2 Grad ukommen an et ass och nëmmen e ganz klenge Beräich an der Waarmfront, wou dat mol optriede kann.
Dohier huet een dann och bei Meteolux extrem grouss Onsécherheete bei de Modeller an domadder bei de Viraussoen, well och d'Lokalisatioun vun dësem Phenomen net sou einfach ass. An dës Zon, déi Glatäis mat sech bruecht huet, war extrem laang iwwer Lëtzebuerg, ronn 6 Stonnen, wat exzeptionell ass.
Duerno gëtt déi waarm Loft dann awer iergendwann no an no verdrängt an déi kal Loft zitt eran. Ergo: d'Temperature ginn op där Héicht nees negativ. Wann d'Temperaturen um Buedem dann nach ëmmer negativ sinn, fält nees Schnéi. Am Laf vum Nomëtteg e Mëttwoch, sinn dann op ville Plazen Temperaturen awer nees an de positive Beräich gaangen, sou dass dann nees Reen fält.
Wéi geet et en Donneschdeg weider?
De Meteorolog bei Meteolux huet eis am RTL-Interview gesot, dass en Donneschdeg de Moie mat Schnéi ze rechnen ass. Am Süden hält dëse méi laang un, wéi am Norden, esou déi momentan Viraussoen, dat well d'Front vun Nordwesten erof Richtung Südosten zitt. Dat bis ongeféier 11-12 Auer. Am Norde geet ee vu bis zu 10 Zentimeter Schnéi aus, am Süden tëscht 2-5 Zentimeter, dat jee no Intensitéit vun der Front.
Et ass dann och ëmmer Risiko do, dass et nach eemol plazeweis zu Glëtz ka kommen, dat wärend der Transitioun vum Reen an de Schnéi. Hei entstinn dann dacks sougenannten Äis-Palletts, dëst awer just plazeweis fir e vergläichsweis kuerze Moment, sou de Luca Mathias, ier et dann an de Schnéi iwwergeet.