Decisioun wier en ofweie vu Pro a Kontra gewiescht
Um Donneschdegmoie géif nees alles normal fonctionéieren, esou den Inneminister Léon Gloden am Interview.
D’Cellule de crise géif ee positive Bilan zéien. D’Zil wier et gewiescht, wéinst dem annoncéierten Äisreen den Trafic erofzefueren, dofir gouf eng Alerte Rouge ausgeruff an ënnert anerem d’Schoulen zougelooss.
D’Ëffentlechkeet gouf um Dënschdegowend informéiert
Wann een esou eng Decisioun hëlt, misst een de Pro a Kontra ofweien, esou den Inneminister. Um 16 Auer wier déi meteorologesch Situatioun nach net ganz kloer gewiescht, um 17 Auer wier dunn d’Cellule de crise nach emol zesummekomm.
"Wa mer elo um 3 Auer gesot hätten, d'Schoule bleiwen zou an d'Leit sollen doheem bleiwen, an et hätt sech géint 6 Auer erausgestallt, datt d'Wiedersituatioun elo net esou schlëmm wier, wéi dat awer finalement war, dann hätten d'Leit gesot, elo hu se Panik gemaach fir näischt."
Op d’Fro ob een iwwerdriwwen hätt, äntwert de Minister, dass hien dës Kritik duerchaus verstoe kéint, mee “an der Politik musst Der eeben d'Avantagen an d'Desavantagë vun enger Decisioun ofweien".
Reaktioun op Heescheverbuet an Interview mam Procureur
Um Mëttwochmoie war de Procureur Georges Oswald Invité vun der Redaktioun. Do sot hien ënnert anerem, dass et senger Meenung no keng juristesch Basis fir en Heescheverbuet géif ginn. Als Inneminister géif hien d’Aussoe vum Vertrieder vun der Justiz net kommentéieren. D’Police géif elo hir Aarbecht maachen: "An ech sinn zouversiichtlech, datt d'Police mam néidege Fangerspëtzegefill virgeet."