E Mëttwoch war Lëtzebuerg fest am Grëff vun deene wanterleche Wiederkonditiounen.

Et gouf eng Alerte Rouge ausgeruff an d'Bierger goufe gebieden, Deplacementer ze evitéieren a wann et geet vun doheem ze schaffen. Ma dat ass awer net an all Branche méiglech. Sou zum Beispill an den Altersheemer.

Servior ass dee gréisste private Bedreiwer vu Strukture fir den drëtten Alter hei am Land. Dozou gehéieren esouwuel Haiser, an deenen déi eeler Leit wunnen, wéi och Foyeren, wou se temporär betreit ginn an de Service Repas sur roues, bei deem d'Leit d'Iessen heem bruecht kréien. Fir dee beschtméigleche Service um Client ze garantéieren, huet een d'Schichten ugepasst, wéi de Generaldirekter vu Servior, Alain Dichter, e Mëttwoch erkläert huet.

Alain Dichter zu der Andeelung

"Et ass sou, datt lo d'Schichten vläicht, déi, déi lo op d'Moiesschicht [v.d.R Mëttwoch] komm sinn, e bëssi méi laang bleiwen, wa lo déi op der Mëttesschicht méi spéit géifen ukommen an dat selwecht fir d'Owesschicht. A muer de Moien [v.d.R. Donneschdeg] wäert et d'selwecht si fir déi, déi da vun der Nuetsschicht op d'Moiesschicht ginn, datt och do vläicht, wann deen een oder anere méi spéit géif ukommen, datt dann och déi Mataarbechter méi laang do sinn. Dat selwecht ass organiséiert fir d'Kichen a Repas sur roues etc."

 

Een Impakt, deen d'Clienten am éischte spiere wier, wann op engem Site eng gréisser Zuel u Mataarbechter net ukënnt. Da géif den Dagesoflaf gestéiert an et misst ee sech op dat Wesentlecht konzentréieren. Beispillsweis géing da beim Iesse just ee Menü amplaz vun zwee oder dräi ugebueden. Wat Repas sur roues ugeet, wier et do deels zu Retarde komm.

Alain Dichter zu de Faarten

"Deelweis sinn d'Chaufferen eng bis annerhallef Stonn méi fréi fortgefuer, wéi geplangt. Op där anerer Säit brauche se deelweis eng bis zwou Stonne méi laang, bis se ukommen. Et ass awer och bei deene Leit, déi doheem wunnen, gereegelt wéini d'Iessen ukënnt. Dat heescht, mir hu sécherlech Retarde gehat de Moien. Wéi gesot, bei deene 600 Iessen, déi mir selwer ausliwwere vun deenen 800 ass et sou, datt mer deelweis méi spéit do waren. Bei verschiddene konnte mer net ukomme well d'Stroosse carrement gespaart waren, respektiv well mer och selwer een Accident haten, wou zwou Camionnetten endommagéiert gi sinn."

 

Ma den Alain Dichter weist sech awer insgesamt ganz zefridden domadder, wéi ee mat der Situatioun ëmgaangen ass. Do hätt een aus der Corona-Pandemie geléiert.