Den Nicolas Schmit gëtt Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialisten

Den aktuellen EU-Kommissär fir Aarbecht an dat Soziaalt féiert d'Sozialisten deemno an d'Europawalen am Juni.
E kandidéiert dann och fir d'Amt vum Kommissiounspresident a wäert da géint d'Ursula von der Leyen untrieden. Dat huet d'sozialistesch Partei am Europaparlament an engem Schreiwes um Donneschdeg matgedeelt.
E Mëttwoch den Owend war den Delai ofgelaf, fir sech als Kandidat ze mellen. 141 Deputéiert siegéieren aktuell zu Stroossbuerg fir d'SPE-Famill, also déi europäesch sozialdemokratesch Partei.
D'Lëtzebuerger Sozialisten hätten den Nicolas Schmit proposéiert, op europäeschen Niveau hätt hie vill Support kritt, an d'Leedung vun der PES wäert déi Kandidatur d'nächst Woch offiziell confirméieren, wéi et an deem Communiqué heescht.
D’LSAP hat um Donneschdegowend hiren Neijoerschpatt an der Fabrick zu Miersch. Hei huet den Nicolas Schmit säin éischten Interview no der Annonce vun der Kandidatur ginn.