Meenungsdivergenzen tëscht Maître Krieger a Gemengesyndikat Syvicol
Ass et un den Anrainer oder awer un de Gemeng, fir dofir ze suergen, dass d'Trottoire propper sinn?
An deene leschten Deeg hu Schnéi an Äis fir eng Partie Problemer op de Stroosse gesuergt. Ma och nieft de Stroossen, op den Trottoiren, sinn eng Partie Persounen zu Schued komm, well se ausgerutscht sinn. Wann den Trottoire net gebotzt war, stellt sech d'Fro no der Responsabilitéit. Wien ass haftbar? Déi Persoun, déi am Haus wunnt, dat un den Trottoir grenzt oder awer d'Gemeng?
Fir de Maître Krieger ass d'Äntwert kloer:
"Et ginn zwee ural Dekreeter vu 1789 a vu 1790, déi sinn ëmmer nach applicabel hei zu Lëtzebuerg. Déi hunn de Niveau vum Gesetz an de Code civil, den Artikel 1384, Niveau vum Gesetz, déi soen, d'Gemeng ass Gardien vum Trottoir an d'Gemeng, déi ass haftbar wann iergendeppes passéiert um Trottoir, egal wat do geschriwwen ass fir ze botzen."

D'Gemenge kéinten zwar an hire Policereglementer festschreiwen, datt d'Leit hiren Trottoir propper hale mussen, mee dat géing si net vun hirer Responsabilitéit entbannen. Den Affekot ënnersträicht awer och, datt de Foussgänger bis zu engem gewësse Grad selwer haftbar ass. Fir datt d'Gemeng haftbar gemaach ka ginn, misst sech den Trottoir an engem état anormal befannen, dat wier zum Beispill net de Fall, wann d'Schnéischauer kuerz virum Accident erofgaangen ass.
Datt ëmmer d'Gemeng an ni den Anrainer responsabel ass, gesäit ee beim Gemengesyndikat Syvicol liicht anescht. Den Hesper Schäffe Guy Wester ass ee vun de Vizepresidenten, hie verweist op de Code civil.
"Wann ee lo moies net doheem ass, wann et ufänkt mat schneien, datt een dann eben dat net ka leeschte bis een owes rëm zeréck ass, mengen ech ass evident. Mee wat awer och ganz kloer ass, dat ass, wann ee säin Trottoir net fräischëppt, datt een dofir kann haftbar gemaach ginn, och esouguer wann et kee Policereglement gëtt. Well de Code civil ganz kloer ass an dee seet, datt dat eng Biergerflicht ass, fir all d'Bierger am Sënn vun der Allgemengheet den Trottoir propper ze halen, fir d'Sécherheet ze garantéieren."

D'Jurisprudenz beleet, datt d'Gemeng an den Awunner gemeinsam kënnen haftbar gemaach ginn, wann den Trottoir net propper ass. D'Gemeng andeem se Guardien vum Trottoir ass an de Bierger, andeem hien noléisseg war.
Guy Wester:"D'Gemeng ass Proprietär vum Trottoir. Wann do eppes virkënnt, da kann deejéinegen, de geschiedegt ginn ass, eben un d'Gemeng untrieden a soen, dass op denger Proprietéit dat geschitt ass, d'Gemeng, du kanns elo dofir opkommen. Mee da seet de Code civil och, da gëtt gekuckt, wien dann dee Besëtzer vun deem Immeubel dobäi ass a wat da geschitt ass. An da kann een dann déi Responsabilitéit op deen ofwälzen."
Och wann e Reglement vun der Gemeng virschreift, datt den Awunner säin Trottoir fräihale muss, ass dësen am Fall vun engem Accident net automatesch haftbar, heescht et iwwerdeems aus dem Assurancësecteur. Ass de Schnéi eréischt viru kuerzem gefall, kann een net erwaarden, datt direkt fräigeschëppt ass.
Marc Hengen (ACA): "(Ausserdeem)... muss ee jo nämlech hei och wëssen, datt et da glat ass, an datt all Mënsch dat weess a gesäit a sech dann och deementspriechend e gewëssene Risiko akzeptéiert, doduerch datt en erausgeet an iwwer da glate Schnéi oder Äis trëppelt. Dat heescht, do ass och d 'Victime, déi an deem Fall eng gewëssen Haftbarkeet mat huet."
A punkto Schnéischëppe si Gemengevertrieder an Affekot sech awer an enger Saach eens. Alle béid appelléiere se un de gesonde Mënscheverstand.
Maître Krieger: "Deejéinegen dee wëll schëppen, dee ka schëppen, an deen anere soll net déi Leit rose maachen, déi net schëppen."
Guy Wester: "Et ass jo net esou dacks, dass mer déi Situatioun hei zu Lëtzebuerg hunn an da soll een déi zwou, dräi Kéieren am Joer do ganz pragmatesch dru goen. An eben och dat schéint Wanterwieder esou wéi et haut ass, genéissen."