Faarte bei medezinesch PrestatairenGinn eeler Leit iwwert den Dësch gezunn?

Marc Hoscheid
Leit, déi an engem Altersheim liewen, si beim Transport dacks op Hëllef ugewisen. Wat Taxis-Ambulanzen ugeet, ass awer seele kloer, wat d'Faarte kaschten.
© RTL/Archiv

Mol séier bei den Aen-, Zänn- oder Hausdokter goen. Fir vill Leit ass dat keng grouss Erausfuerderung. Ma fir eeler Persounen, grad déi, déi an Altersheimer liewen, respektiv op Hëllef vu baussen ugewise sinn, ass dat méi schwiereg. Verschidde Pensionäre froen dann d’Personal vum Altersheim, hinnen een Taxi respektiv eng Taxi-Ambulanz ze ruffen. Virun deem Hannergrond huet eng Persoun RTL kontaktéiert, fir op problematesch Praktiken opmierksam ze maachen.

Déi Praktike géingen am ganze Land bedriwwe ginn, ma déi Persoun nennt virop dat spezifescht Beispill vun hirer Mamm, déi an engem Altersheim* zu Réimech wunnt. Enn 2022 hätt d’Fra dräi Rendez-vouse beim Aendokter gehat an d’Personal gebieden, hir een Taxi ze ruffen. Dofir gouf eng Firma* vun Esch, déi Taxi-Ambulanz-Déngschter ubitt, geruff, fir den Transport bannent Réimech ze assuréieren. Dat gouf och gemaach, ma well d’Entreprise hire Siège eben zu Esch huet, gouf d’Faart vun do op Réimech mat berechent. Dee ganzen Trajet huet am Endeffekt an deenen dräi Fäll jee 105 Euro kascht.

Deels soll Boergeld ugeholl, deels op d’CNS verwise gi sinn

D’Fra wier virun allem dowéinst iwwerrascht gewiescht, well si an zwee Fäll op Nofro hi vum Chauffeur gesot kritt hätt, datt d’Rechnung direkt un d’CNS goe géing. An engem Fall soll de Chauffeur 40 Euro gefrot hunn, ouni ee Beleeg auszestellen. Op de Rechnungen hätt dann och gestanen, datt et eng Faart mat enger Ambulanz an net mat engem Taxi gewiescht wier. Dobäi hätt d’Personal vum Altersheim no engem Taxi gefrot.

Mir hu bei der Firma vun Esch nogefrot. Vun do heescht et, datt ee keng klassesch Taxi-Firma ass, déi d’Clientë beispillsweis an de Kino féiert, mee et misst schonn ee medezinesche Besoin virleien. All d’Chauffere wieren zudeem Ambulancieren. Op d’Fro, ob dann all d’Faarte mat hire Ween, op d’mannst deelweis, vun der CNS zeréckbezuelt ginn, ass d’Äntwert jo. Och wann een einfach een normale Rendez-vous beim Dokter hätt, géing dësen dono eng Ordonnance opschreiwen an d’CNS een Deel rembourséieren.

Laang net all Faart gëtt vun der CNS rembourséiert

Bei der CNS an och beim Familljeministère gesäit een dat iwwerdeems liicht anescht. D’CNS géing just eppes bäileeën, wann eng “Position couchée” virläit. Als Beispill gi Faarten zu enger Stralentherapie genannt. Aus dem Familljeministère ass et d’Prezisioun, datt d’Taxi-Entreprisen d’Präisser fräi bestëmmen duerfen a se affichéiert musse sinn. Ma d’Präislandschaft wier awer alles anescht wéi kloer, se géing par konter engem “Dschungel” gläichen. Hei wier méi Transparenz eng grouss Erliichterung.

Dat net nëmme fir d’Clienten, mee och fir déi Professionell aus dem Secteur. Et stellt sech an deem konkrete Fall nämlech d’Fro, firwat d’Personal vum Altersheim der Fra éischtens een Taxi vun enger Escher Firma geruff huet, déi d’Faart bis op Réimech mat berechent an zweetens net drop higewisen huet, datt eng Faart bei een Aendokter net vun der CNS rembourséiert gëtt.

Et gëtt och Alternativen zum Taxi

Virop sief kloergestallt, datt déi ernimmte Firma bei der CNS agreéiert ass an dowéinst op enger Lëscht vu ronn 90 Taxi-Firme steet. Op Nofro beim Bedreiwer* vum Altersheim zu Réimech heescht et, datt an ongeféier 90 Prozent vun de Fäll, d’Famill déi eeler Persoun bei den Dokter féiert, fir ze wëssen, wéi et hir geet. Et géing een donieft een eegenen Transportservice ubidden. No engem Forfait de base vu siwen Euro, géinge 14 Cent pro Kilometer berechent. Sollt sech eng Persoun awer fir eng extern Taxisentreprise entscheeden, da gëtt ee Mandat beim Bewunner respektiv engem Familljemember ugefrot, an deem dësen erkläert, datt him déi intern Alternativ ugebuede gouf.

Wärend deen interne Service schonn eng länger Zäit ugebuede gëtt, gouf d’Reegelung mam Mandat réischt d’lescht Joer en place gesat. Dat als Reaktioun op d’Kritik vun där Persoun, déi eis kontaktéiert huet. Vum Bedreiwer heescht et dann och nach, datt een an Zukunft éischter mat aneren Entreprisen, wéi där ernimmter, zesummeschaffe wëllt.

Fir sech “Taxi” nennen ze duerfen, muss ee keng Lizenz hunn

Ma wéi gesäit iwwerhaapt de juristesche Kader fir esou Faarten aus? Vum Service des taxis vum Mobilitéitsministère heescht et, datt Faarten am Kader vu Krankentransporter de Reegele vun der CNS ënnerleien. Aktuell géing näischt verhënneren, datt eng Firma d’Wuert Taxi an hirem Numm benotzt, och wa si guer keng Taxislizenz huet. An deem konkrete Fall vu Réimech wier et esou, datt “déi Coursë mat enger Voiture de location avec Chauffeur (VLC) am Kader vun enger CNS Faart gemaach goufen”. Dowéinst hätt ee keng Infraktioun par rapport zur Gesetzgebung fir Taxie feststelle kënnen. Et wier ee sech awer där allgemenger Problematik bewosst an et géif ee probéieren, d’Gesetz iwwer Taxien a VLC unzepassen a Mesurë fir méi Transparenz a Sécherheet fir d’Clienten anzeféieren.

D’CNS präziséiert nach, datt éier eng Entreprise een Agrément kritt, iwwerpréift gëtt, ob se déi legal Konditiounen erfëllt. Dono ginn awer keng systematesch Kontrolle méi gemaach. Am Agrément géing allerdéngs stoen: “Le prestataire s’engage à s’abstenir de toute information qui serait de nature à induire en erreur quant à la prise en charge d’un transport par l’assurance maladie.” Sollt ee Patient eng Reklamatioun wëlle maachen oder ee Feedback ginn, kéint en dat op dëser Säit maachen: https://transports.public.lu/fr/secteurs/taxis/reclamations-feedback.html.

Zum Schluss nach eng Kéier zeréck zum Fall vu Réimech. Wat déi 315 Euro ugeet, déi d’Fra bezuele sollt, esou goufen dës iwwerwisen, well d’Taxi-Entreprise ee Huissier ageschalt hat, an d’Famill der Fra Opreegung erspuere wollt. Datt déi Sue vun anerer Säit iwwerholl ginn, schéngt onwarscheinlech. Och juristesch Schrëtt dierften enger Affekotin no keng Aussiicht op Erfolleg hunn.

Wëll Dir Kontakt mat der Redaktioun ophuelen? Da maacht ee Mail op dossier@rtl.lu.

*Den Numm ass der Redaktioun bekannt.

Back to Top
CIM LOGO