Patientevertriedung fuerdert Kontrollmechanismen

D’Patientevertriedung fuerdert Transparenz a Kontrollmechanismen, fir ze verhënneren, dass Doktere kënne Schmu bedreiwen.
Nach knapp 8 Méint laang huet den Zänndokter Patrice Mattiuzzi hei am Land a sengem Cabinet zu Bartreng praktizéiert, obwuel en a Frankräich no engem Geriichtsurteel an 2. Instanz e Beruffsverbuet kritt hat. Seng fréier Assistentin huet vu schlechter Hygiène am Cabinet bericht, enger schlechter Zännbehandlung, bis hin zu Gefore fir de Patient. Si huet bei der Sanitärinspektioun intervenéiert, dono beim Collège médical. No enger Plainte vun hir 2017 koum et am Dezember zejoert zu engem Prozess, bei deem den Dokter vum Conseil supérieur de discipline vum Collège medical seng Zouloossung och hei am Land den 30. Januar entzu kritt.
Och d’Patientevertriedung hat vu Patienten e puer Dossieren iwwert den Dokter virleien. "Dat huet vu schlechter Aarbecht bis falsch Rechnunge gereecht", seet d’Michèle Wennmacher. All puer Joer kéim et zu Fäll wou Dokteren, déi e Beruffsverbuet an engem anere Land hunn, sech am Grand-Duché néiergelooss hunn an dann och hei net esou schaffen, wéi se sollen.
Zanter 10 Joer freet d’Patientevertriedung eng besser Iwwerpréiwung vun den Dokteren. Am Fall, wou en Dokter, deen an engem anere Land scho verurteelt gouf, eng Zouloossung kritt, misst eng streng Kontroll do sinn, ënnersträicht de Georges Clees vun der Patientevertriedung.
Länner entscheeden eenzel iwwer Beruffszouloossung
Esou eng Kontroll géing hei am Land feelen. Den Zänndokter vu Bartreng krut zum Beispill an der Schwäiz 2014, wou e Prozess géint hien a Frankräich amgaange war, keng Beruffszouloossung. Dat selwecht Joer krut en awer eng hei am Land. De Collège medical seet, et géing zwar en europäeschen Alerte-Sytem ginn, wou ee kéint de Statut vum Dokter kucken, mee just de Gesondheetsministère hätt hei Zougrëff. Wann et zu schlëmmen Delikter bei der Ausübung vum Beruff komm wier, wier en Austausch tëscht den Autoritéiten zwar virgesinn, mee da misst ee wëssen, a wéi ee Land de Verurteelte geflücht ass. D’Michèle Wennmacher resuméiert et esou: "Zu Lëtzebuerg feelt einfach eng Kontrollinstanz. Et feelt un Transparenz. Et feele Qualitéitsnormen".
De Collège medical hätt als Virsiichtsmoossnam eng Modifikatioun vum Gesetz iwwert d’Ausübe vu Beruffer proposéiert, heescht et an enger Mail vun dësem. Een, deen am Ausland Beruffsverbuet huet, soll och net méi zu Lëtzebuerg praktizéieren dierfen. Doriwwer eraus gouf sech fir en europäescht Instrument fir Disziplinarstrofen ze applizéieren ausgeschwat.
Déi richteg Kommunikatioun feelt dacks
Bei der Patientevertriedung melle sech vill Patienten, déi d’Vertrauen an d’Aarbecht vun hirem Dokter verluer hunn. Grënn sinn, dass se d’Gefill hunn, net esou gesond ginn ze sinn wéi erwaart oder well se d’Coden op de Rechnungen net verstinn. En anere Grond ass, well se mengen, d’Behandlung wier net gutt gemaach. An de meeschte Fäll wier och eppes drun. Dofir fuerdert d’Patientevertriedung d’Aféierung vun enger Kontrollinstanz, déi de Contôle medical kéint maachen. Am Ausland kéint een a verschiddene Länner zum Beispill bei d’Krankekeess goen, wann een Zweiwel huet. Hei am Land gëtt et bis elo keng esou Instanz, erkläert de Georges Clees. Eben bis op d’Patientevertriedung.
Am Fall vu Problemer mat Zänndokteren huet d’Patientevertriedung och en eegenen Zänndokter, deen hinnen hëlleft. Dëse schreift Avisen iwwert d’Aarbecht vu senge Beruffskolleegen. "Wa mer den Avis un de Collège medical weiderginn, hu mer leider och missten d’Erfarung maachen, dass si dësen net akzeptéiert hunn", ënnersträicht d’Michèle Wennmacher. An da misst de Patient kucken, fir eens ze ginn.
Wat als Patient maachen, wann een Doutten huet?
D’Patientevertriedung réit de Leit, zum Beispill beim Zänndokter, bei gréisseren Interventiounen e Plan de traitement maachen ze loossen. Den Dokter soll am Virfeld eng Rechnung erstellen, op där ze erkennen ass, wéi vill een aus eegener Täsch bezilt a wéi vill d’CNS bäileet. Soubal een hei Doutten huet, soll ee sech en zweeten oder en drëtten Avis anhuelen. A virun allem soll ee sech net vun engem schéine Cabinet eleng blende loossen.
4.257 Mol hu Leit iwwer Telefon zejoert Kontakt mat der Patientevertriedung opgeholl. Eng 25 Appeller kéimen den Dag eran, seet de Georges Clees. Ma och iwwer Mail a Facebook huelen d’Leit Kontakt op oder kommen direkt laanscht. Esouguer d’CNS géing d’Leit reegelméisseg laanscht schécken, soen déi Responsabel net ouni Verwonnerung.