Bancomat probéiert ze knacken - Police hëlt zwee Verdächteger fest

© RTL
An der Nuecht op e Freideg goufen der Police Persoune gemellt, déi probéiert sollen hunn, ee Geldautomat zu Eesch an der Stad ze knacken.
Eng Patrull ass op d'Plaz gefuer an huet zwee Verdächteger an d'Viséier geholl. Si si fortgelaf, konnten no enger kuerzer Course-Poursuite awer gestallt ginn. Op Uerder vum Parquet goufe si festgeholl.
Weider Abréch an Abréchsversich goufen der Police tëscht en Donneschdeg den Owend an e Freideg de Moie gemellt, esou zum Beispill en Donneschdeg den Owend an der Rue Ley zu Clierf. Éischten Informatiounen no soll den Täter am Eefamilljenhaus vun engem Bewunner iwwerrascht gi sinn, wouropshin de Verdächtege geflücht ass.
An der Nuecht op e Freideg gouf ausserdeem probéiert, an en Haus an der Rue Belle-vue zu Leideleng anzebriechen. D'Bewunner vum Haus goufe vun de verdächtege Geräischer waakreg an déi zwee Täter sinn doropshi geflücht. A béide Fäll vun Abréch goufen Ermëttlungen an d'Weeër geleet an d'Spueresécherung war do.
Tipps géint Abréch fënnt een hei um Site vun der Police.