Jugendsektioun vum Mouvement EcologiqueFuerderung no méi ëmweltfrëndlecher Landwirtschaft

Anne Wolff
Wéi geet et viru mat der Landwirtschaft? Dat huet an de leschte Woche besonnesch d‘Baueren an Däitschland an a Frankräich beschäftegt.
Move. fuerdert méi ëmweltfrëndlech Landwirtschaft
Wéi geet et viru mat der Landwirtschaft? Dat huet an de leschte Woche besonnesch d‘Baueren an Däitschland an a Frankräich beschäftegt.

Protester mat dausenden Trakteren hunn d’Autobunnen zougesat a wichteg Verkéiersodere gekappt*. Wärend déi eng haaptsächlech géint d’Kierze vu Subsiden an onfair Konkurrenz-Situatioune protestéiert hunn, sinn den 20. Januar awer zu Berlin och Leit op d’Strooss gaangen, déi sech fir en Ëmdenken an der konventioneller Landwirtschaft engagéieren. Mat dobäi war och d’Jugendsektioun vum Mouveco zu Lëtzebuerg. “Mir hunn es sat” war de Slogan vun der Manif zu Berlin, an domat ass déi industriell Landwirtschaft gemengt. 8.000 Leit hu wéi all Joer eng méi sozialgerecht Landwirtschaft, besser Haltungskonditioune fir d’Déieren a méi Ëmweltschutz gefuerdert. E Problem hunn d’Demonstranten dogéint mat Gentechnik an domat, dass d’EU d’Reegelen dofir manner streng maache wëllt. D’Iddi dohannert: besser a méi rentabel Planzen. D’Kritiker fäerten awer e Manktem u Kontroll a grouss Verloschter fir Öko-Baueren.

“Et geet drëms, een Zeechen ze setzen. Wa mir elo näischt änneren, wa mir elo keng Agrarwende maachen, da gëtt et schlussendlech nach méi schwiereg fir d’Landwirtschaft. Da sinn d’Biedem nach méi dréchen, an da gëtt dat en Däiwelskrees”, erkläert d’Alice Diriken. Fir d’Schülerin war et déi éischt Demo. Zanter engem Joer engagéiert si sech mat anere Jonken am Move., der Jugendsektioun vum Mouvement Ecologique.

Déi plädéiert och hei zu Lëtzebuerg fir manner Pestiziden, méi Biolandwirtschaft, an eng fair Bezuelung vun de Baueren. Ma och d’Konsumente missten ëmdenken, andeems se zum Beispill manner Fleesch iessen an drop oppassen, dass d’Iesswueren aus lokaler Produktioun kommen.

Rezent huet d’Organisatioun dofir eng Ëmfro gestart, fir e fleeschfräien Dag an de Schoulkantinnen, e sougenannte Veggie Monday. Déi leeft nach bis Mäerz.

Fir d’Europawalen hofft Move., dass d’EU d’Subside fir d’Baueren nach méi um Klimaschutz moosst.

*Zanter e Sonndeg ginn et och Protester vun de Baueren an der Belsch. Fir e Méindeg sinn an der Grenzregioun Blockage vun Autobunnen annoncéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO