Wéi d'Police matdeelt, gouf en Dënschdeg am spéiden Nomëtteg een Iwwerfall zu Gaasperech gemellt.

Den Täter hat sech als Member vun enger karitativer Organisatioun ausginn. Esou huet de Mann sech Zougang zum Haus vum Affer verschaaft. Beim Verloosse vum Haus hat den Täter de Portmonni vum Affer matgoe gelooss. Der Police hir Sich nom Täter blouf ouni Erfolleg, ma et goufen Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

An de leschte Stonne gouf der Police dann och eng Partie Abréch gemellt. Sou zum Beispill um Owend vum 30. Januar, hei gouf an en Eefamilljenhaus am Beschmontsbongert zu Miersch agebrach. Éischten Informatiounen no hunn d'Täter d'Dier vun enger Terrasse beschiedegt, fir an d'Gebai ze kommen. Do hu se e puer Raim duerchsicht, iert se du fortgelaf sinn.

E weideren Abroch gouf et an der Nuecht op e Mëttwoch an e Geschäft an der Route de Longwy zu Rodange. Éischten Informatiounen no sollen d'Täter duerch eng Fënster agebrach sinn a Geld geklaut hunn.

A béide Fäll war d'Spueresécherung op der Plaz an Ermëttlunge goufen ageleet.