De franséische Grupp Orpea, deen och hei am Land en Alters- a Fleegeheem bedreift, ass alt erëm an d'Schlagzeile geroden.

Mëtt Januar ware Perquisitiounen a 6 verschiddene Länner, dorënner och zu Lëtzebuerg. Orpea steet scho méi laang wéinst senge Geschäftspraktiken an der Kritik. Virun zwee Joer hunn d'Recherchë vun engem franséische Journalist e reegelrechte Skandal ausgeléist. Orpea konnt nogewise ginn, dass bei hinne systematesch Patiente mësshandelt goufen. Wéi déi rezent Perquisitioune weisen, ass dëse Skandal op d'mannst juristesch nach net ganz opgeschafft.

D'Alters- a Fleegeheem Résidence Récital zu Märel huet seng Diere viru ronn engem Joer opgemaach. Méi spéit wéi virgesinn, ënnert anerem well d'Agrementsprozedure sech nom Skandal a Frankräich relativ laang higezunn hunn. De Schrëftzuch "Orpea" sicht een hei iwwregens ëmsoss. Och Informatiounen zu de rezente Perquisitioune krute mir hei keng. Mir goufen un de Siège vun Orpea a Frankräich verwisen. Ma och do hat keen Zäit fir een Interview. Et huet ee just mat engem schrëftleche Statement reagéiert.

RTL

Orpea hätt de Lëtzebuerger Familljeministère schonn am Dezember iwwert méiglech Perquisitiounen, och hei am Land, informéiert.

Am Raum stinn dräi Reprochen: Abus de confiance, Mëssbrauch vu Firmeverméigen a Wäisswäsche vu Suen. Vill méi ass weder vun de franséischen nach vun de Lëtzebuerger Justizautoritéite gewuer ze ginn. Esou ass och onkloer, ob zu Lëtzebuerg bei Orpea selwer oder bei anere Firmen aus dem Orpea-Donschtkrees perquisitionéiert gouf.

Orpea ass dat, wat een e "Big Player" nennt. De Grupp geréiert iwwer 1.100 Etablissementer mat zesummen 120.000 Better an 23 verschiddene Länner.

De Skandal vu virun zwee Joer huet seng Spueren hannerlooss

De Grupp gouf mëttlerweil vun der Caisse des Dépôts iwwerholl, enger Investitiounsbank, déi dem franséische Staat gehéiert. Eng nei Direktioun gouf en place gesat. Déi versprécht, d'Personal an d'Bewunner besser ze traitéieren.

Zu Lëtzebuerg ass Orpea zënter ronn engem Joer operationell. Nach wier dëse Prestataire net negativ opgefall. Et géif ee gesinn, datt Orpea seng Zuel vun de Bewunner lues géing an d'Luucht setzen a vun den aktuelle Bewunner hätt ee bis ewell och keng Reklamatioune kritt, sou de Familljeminister Max Hahn.

D'lescht Woch huet de Familljeminister en neit Gesetz iwwert d'Qualitéit vun de Servicer fir eeler Leit deposéiert. Domadder sollen nei Ulafstelle fir Reklamatiounen an ëffentlech Bewäertunge fir d'Etablissementer agefouert ginn. Sollte Saachen net stëmmen, da géing dat ëffentlech gemaach ginn, esou hätt all Prestataire en Interêt, fir dofir ze suergen, datt alles esou géing ëmgesat géing ginn, wéi et och festgehale wier, sou nach de Minister Max Hahn.

Orpea wëllt och zu Lëtzebuerg wuessen. Et gi Pläng fir en zweet Haus zu Stroossen. Do lafen am Moment awer nach d'Autorisatiounsprozeduren.