Fir der Kris am Bau an am Logement entgéint ze wierken, huet d‘CSV-DP-Regierung virun zwee Deeg e Mesurëpak fir de Logement annoncéiert.

Domat soll méi gebaut ginn, d‘Offer u Wunnenge soll klammen an d‘Leit solle méi gehollef kréie fir ze kafen oder ze lounen. Bei eis reagéiert d‘Oppositioun op d‘Proposen.

An déi komme relativ gutt un: Déi Gréng luewen, dass de Staat mat dem neie Pak an de Besëtz vu méi Wunnraum kënnt. E Mëttwoch gouf annoncéiert, dass de Staat hëlt Suen an de Grapp hëlt, fir 800 Projeten, déi nach am Bau si vum Privatmarché opkafen, sougenannte VEFA, an en investéiert zousätzlech gutt 920 Milliounen an den abordabele Wunnengsbau.

Allerdéngs kritiséiert de François Bausch, dass déi Mesuren d‘Logementskris net laangfristeg léise wäerten. Och sinn déi Gréng skeptesch, wat verschidde steierlech Avantagen ugeet: Den Amortissement accéleré an de Fakt, dass een op der Plus-Value beim Verkaf vun enger Wunneng manner Steiere bezilt, géingen an d‘Täsche vun der Immobiliëbranche spillen an net bei de Leit ukommen.

Déi gréisst Oppositiounspartei bleift awer nach skeptesch, d'Paulette Lenert, LSAP: Se gi sécher net wäit genuch an eisen Aen. Et ass eng Stoussrichtung, déi uginn ass. Awer eesäiteg. Ech waarden awer bis de ganze Mesurëpak do läit. Mir erwaarden eis méi Konkretes fir d'Locatairen an datt d'ëffentlech Hand séier keeft. Et ass eng Urgence. Et muss un alle d'Schrauwe gedréint ginn.

E Mëttwoch gouf annoncéiert, dass den Amortissement accéleré vu 6% iwwer 6 Joer erëm agefouert gëtt, e steierlechen Ureiz, fir erëm an de Steen z‘investéieren. De gëllt dann och nëmme fir Neibauten a fir e Plaffong vun 250.000 Euro. Um steierleche Plang gëtt de bëllegen Akt fir eng Wunneng vun 30.000 op 40.000 Euro erop, wann ee selwer dra wunnt. Wie keeft fir ze verlounen, kritt e Steierkredit vun 20 000 Euro.

Wie seng Wunneng dëst Joer verkeeft, muss och manner Steieren op der Plus-Value bezuelen.

Änlech gesinn dat och déi Lénk: Si si frou iwwert d‘Opkafe vu private Projeten, déi nach net gebaut sinn, ma et hätt een och missen drun denken, Projete vu Leit ofzekafen, déi an engem deieren Iwwerbréckungskredit feststiechen. Dat wier batter néideg gewiescht, kritiséiert de Gary Diderich.

D‘Adr weist sech och zefridden a begréisst d‘Eropsetze vum bëllegen Akt vun 30.000 op 40.000 Euro, mee et hätt een nach kënne méi wäit goen, erkläert d‘Alexandra Schoos. Esou hätt e kënnen de Plaffong, fir vun enger méi niddreger TVA vu just 3 amplaz 17 Prozent ze profitéieren, nach kënnen eropsetzen.

Och d‘Pirate fannen d‘Mesuren als éischt emol gutt, et géif awer dee soziale Facteur feelen, kritiséiert de Marc Goergen. Si bezweifelen, dass méi Subsiden duerno wierklech dem Locataire zegutt kommen. Fir si hätt een déi méi avantagéis Konditioune fir den Invest missen un e bezuelbare Loyer bannen, andeems ee se de Proprietäre just accordéiert, wa se mat hirem Loyer bei enger festgeluechter Moyenne bleiwen.