Gutt 200 Leit hunn e Samschdeg de Moien op der Stater Gare demonstréiert, fir méi Sécherheet am Quartier ze fuerderen.

Ënnert den Demonstrante waren Awunner, Politiker a Commerçante vun der Stad a Gare. Am September schonn hat e Grupp vu Persounen eng Demo organiséiert, mat den nämmlechte Suergen a Fuerderungen, wéi dëse Weekend.

D'Grënn, firwat d'Leit sech elo nees mobiliséiert hunn, bleiwen déi nämmlecht. Et hätt een d'Flemm mat der Situatioun am Quartier a vill Awunner géife sech virop wéinst der Drogen- a Beschafungskriminalitéit net méi sécher fillen.

Si hu kloer Fuerderungen un d'Politik: Méi Policepresenz, an dat ronderëm d'Auer. D'Manifestanten hu bedauert, datt sech an de leschte Méint net wierklech vill gedoen hätt.

De Kollektiv, dee sech ronderëm d'Sécherheet am Garer Quartier forméiert huet, krut rezent Post vun der Justizministesch an dem Premier. D'Laurence Gillen, Mat-Organisatrice vun der Maniff, erkläert wat een sech elo dovun erhofft. Et wéilt een, datt eppes gemaach gëtt:

"Also mir wäre frou, wann elo en Aktiounsplang géif kommen, fir datt een éischtens d'Dealere verhaft an zweetens deene Leit hëlleft, déi Hëllef brauchen. Dat heescht déi, déi sech op der Strooss sprëtzen an Drogen huelen."