Sëllege Leit goufe leschte Weekend vun der Police festgeholl

© Laurent Weber / RTL Archivbild
D'Police hat nawell eppes ze dinn zanter e Sonndeg. Véier Persoune goufe festgeholl wéinst ënnerschiddleche Faiten.
Ugefaangen an der Nuecht op e Sonndeg. Do gouf eng maskéiert Persoun zu Stadbriedemes gemellt, déi ronderëm en Haus souwéi e Gefier géing schläichen. De Verdächtege konnt vun enger Policepatrull am Haus gestallt ginn. Hien hat do scho Saachen agestach, déi bei der Kontroll séchergestallt goufen. Op Uerder vum Parquet gouf de Brigang festgeholl a koum nach nomëttes virun den Untersuchungsriichter.
E Sonndeg am Nomëtteg koum et an der Rue d'Éperney am Garer Quartier zu engem Fall vu Kierperverletzung. D'Affer gouf dobäi vun engem Onbekannte vun engem Gullisdeckel geschloen an dobäi schwéier verletzt. De Verdächtege konnt no enger direkt ageleeter Sichaktioun gestallt ginn a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. Hie koum nach e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Owes dunn ass eng Patrull an der Stroossbuerger Strooss am Garer Quartier an der Stad op eng Camionnette opmierksam ginn, déi duerch eng rout Luucht gefuer ass. D'Gefier gouf kuerz drop gestoppt. Bei der Kontroll koum eraus, dass de Won a Verbindung steet mat engem Abroch e puer Deeg virdrun zu Hesper. An der Camionnette gouf dann och e Portmonni fonnt, dee kengem vun den 3 Leit am Gefier gehéiert huet, si haten awer mat de Bancomatskaarte Suen opgehuewen. Och si goufen op Uerder festgeholl.
E Méindeg um fréie Moien ass Beamten an där selwechter Strooss bei der Stater Gare e Grupp Leit opgefall. Well de Verdacht vun engem Drogendeal bestoung, goufen zwou Persoune kontrolléiert. Bei engem goufen zwou Bulle Kokain séchergestallt, bei deem aneren, deen éischten Ermëttlungen no en Drogendealer ass, gouf en Handy a Boergeld séchergestallt. De presuméierten Dealer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum och e Méindeg virun den Untersuchungsriichter.