An der StadPresuméierten Drogendealer festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg gouf d'Police op eng verdächteg Gruppéierung vu Persounen am Garer Quartier opmierksam.
© RTL

Si stoungen op der Kräizung vun der Avenue de la Gare an der Avenue de la Liberté. Wéi ee Mann vum Grupp d’Police gesinn huet, ass hie séier an d’Stroossbuerger Strooss getrëppelt.

Well de Verdacht bestoung, dass et sech bei der Persoun ëm en Drogendealer handele kéint, huet d’Police decidéiert, hien ze kontrolléieren. Beim Verdächtege goufen esouwuel Boergeld, wéi och Droge fonnt. Weiderhin huet sech erausgestallt, dass de Mann sech illegal am Land ophält.

Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO