Et goung ëm den Ausbau vun enger Terrass an d’Enn vun der Geschicht war d’Fermeture vum Restaurant am Hierscht 2018.
D’Gemeng Nidderaanwen huet den Terrain d’lescht Joer vum Staat ofkaaft, respektiv deels getosch mam Terrain fir d’Policegebai op der Tréierer Strooss.
Elo kënnt nees wuertwiertlech Liewen an d’Bud.
D’Geschicht vum Gebai bei der Kräizung, wou et eriwwer op de Stafelter geet, huet effektiv ëm 1850 ugefaangen, als eent vun enger hallwer Dose sougenannte “Mauthaiser” um Wee op der Iechternacher Streck. Et steet zënter bal 6 Joer eidel do, d’Substanz ass nach gréisstendeels gutt, vu stole Sailen als Stäip bis bei den Eechenholzbuedem, deen op een neie Schlëff waart. Un de Mauere si Promi-Ënnerschrëfte vum Luc Frieden iwwer d’Gebridder Schleck bis bei de Moler Robert Brandy.
Bekannt ass d’Gebai awer fir d’Restauratioun an den direkten Accès an de Bësch. D’Schmiere mat Ham oder Kachkéis ware legendär, huet sech de Schäffe Jacques Bauer erënnert. A genau do soll de Wee nees higoen, esou de Buergermeeschter vun Nidderaanwen Fréd Ternes.
Iwwert de Käschtepunkt gëtt den Ament net vill gesot. Et waart een op d’Iddie vun den Architekten. Déi kënne bis Enn Mäerz hir Kandidatur eraginn.
Dräi ginn der erausgesicht fir en Avant-Projet a bis d’Enn vum Joer soll den definitive Choix sinn. De Projet soll d’nächst Joer gestëmmt ginn. Virdru ginn de Conseil an d’Leit informéiert, wat ee wëlles huet.
Zil ass op alle Fall eng klassesch Lëtzebuerger Brasserie, déi sech harmonesch an d’Gréngzon integréiert, fir deen et och e klore Kader gëtt, sou nach d’Schäffe Josselijn De Vries.
Ugangs 2028 wäert déi nei Ouverture sinn.