Protestpiquet fir Gaza-Evakuatioune virun der Chamber
Eppes iwwer 30 Leit hu sech virun de Chamber zesummefonnt fir, fir eng direkt Evakuatioun vun hire Familljen aus der Gazasträif ze manifestéieren.
Vill vun hinne wunnen hei zu Lëtzebuerg oder hu souguer d‘Lëtzebuerger Nationalitéit a wëllen hir Familljen aus dem Misär an der Gazasträif erauskréien. De Grand-Duché soll hinnen dobäi hëllefen. De Kollektiv Waassermeloun huet dëse Protestpiquet elo scho fir 3. Kéier organiséiert. D'Gabrielle Antar vum Kollektiv erkläert, wéi Lëtzebuerg kéint hëllefen:
"Et geet ëm Liewen an Doud. Do si Kanner, deenen hiert Liewe kënne mir retten, andeems mer hire Numm op d'Lëscht schreiwen, fir kënnen an Ägypten eranzekommen. Dat heescht, et ass eigentlech net vill ze froen, fir déi Familljen z'evakuéieren. An als Leit, déi um Lëtzebuerger Territoire wunnen an déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, ass et wichteg, dass een och hinnen hëlleft, hir Familljen ze retten. Et ass net ze vill gefrot, en Numm op eng Lëscht ze schreiwen, fir dass hir Familljememberen net ëm d'Liewe kommen bei den israeeleschen Attacken.“
"Evakuatioun elo! Frieden, agéier elo! All Sekonn zielt." Dat sinn ënner anerem Parollen, déi en Dënschdeg de Mëtteg ze héiere waren.
Den Iyad Rashid ass 34 Joer al an manifestéiert ënner anerem fir säi Papp.
"Mäi Papp stécht den Ament an der Gazasträif fest. Hie lieft an engem Zelt am kale Wieder an der Gazasträif an dat ouni medezinesche Traitement. D'Spideeler goufen zerbommt an dofir si mer hei, fir fir mäi Papp ze protestéieren an och fir aner Familljen aus der Gazasträif.“
De Kollektiv Waassermeloun kritiséiert och, dass verschidden Natiounen anescht behandelt ginn. D'Lëtzebuerger hätte sech immens vill agesat, fir de Leit aus der Ukrain ze hëllefen, hinnen een Doheem ze ginn an Aarbecht fir si ze fannen, ma dat nämmlecht géing net fir d'Palästinenser gemaach ginn. Hir Fuerderung wier och net, fir d'Palästinenser op Lëtzebuerg ze bréngen, mee dass de Grand-Duché sech engagéiert fir ze hëllefen, d'Leit aus der Gazasträif erauszekréien, Richtung Ägypten, fir dass se net weider bombardéiert ginn, sou d'Gabrielle Antar.