Firwat kréie vill Leit keng Hëllef, déi se ze gutt hunn?
Fir Leit, déi vum Aarmutsrisiko betraff sinn, gëtt et eng Rei finanziell Hëllefsmesuren.
Schätzungen no kréie just 60% vun de Leit, déi a Fro kommen, d’Allocation Vie Chère a souguer just 20% d’Loyerssubventioun. Dofir gëtt et eng Rei Ursaachen, wéi aus engem neie Rapport ervirgeet, deen de Fuerschungszenter Liser an de Statec fir d’Chambre des Salariés, gemaach hunn.
D’Fuerscher hunn eng Rei Leit selwer befrot, déi a Fro kéimen, fir déi verschidde staatlech Hëllefen ze kréien, mee se awer net kruten. Engersäits kéint déi eng oder aner Mesure de Leit net bekannt oder verständlech sinn. Anerersäits sinn et dann d’Schwieregkeeten, fir d’Demanden iwwerhaapt ze maachen, spréch laang Delaien oder d’Obligatioun all Joer d’Demande nees ze maachen.
A verschidde Fäll géing awer och eng schwiereg Relatioun mat der Administratioun ervirstiechen – oder d’Demandeure fille sech duerch Äntwerten oder e Refus verletzt. D’Anne Franziskus vum Statec huet erkläert: Jidderee géing anescht reagéieren an et géing och "ganz vill" Personal ginn, dat e positiven Ëmgank mat Demandeuren hätt, mee dacks wiere "Stereotyppe" present, och wa se net ausgeschwat ginn.
D’Entretiene mat de Leit confirméieren, datt vill Leit, déi a Fro komme fir eng sozial Hëllef, se net ufroen, well se sech "stigmatiséiert" fillen. Well se sech schummen. Leit, déi fäerten als "Aarmen", "Faulen" oder "Profiteur" ugesinn ze sinn, géingen entweder doduercher nach méi emotional leiden oder anerer verantwortlech maachen ewéi Auslänner oder Chômeuren. "Dat ass schwiereg", esou d’Anne Franziskus. Well et géing meeschtens Grënn ginn, firwat Leit an enger prekärer Situatioun sinn, mat op éischter Plaz enger niddreger Pai an den deiere Logement oder nach eng Trennung an der Famill oder eng Krankheet.
E weidere Problem sinn d’finanziell Hëllefen u sech, well se dacks ze vill Konditioune viraussetzen a Leit ausschléissen, deenen d’Hëllef eigentlech soll ze gutt kommen. D’Anne-Catherine Guio vum Liser huet d’Studenten, déi nach bei den Eltere wunnen oder d’Communautés domestiques genannt. Wann e puer Leit onofhängeg vuneneen ënnert engem Daach liewen, géing dacks de gesamte Revenu gekuckt ginn an deemno potentiell Beneficiairen vun enger Hëllef ausgeschloss ginn.
Entspriechend zu all deene Constaten huet d’Anne-Catherine Guio eng Rei Piste genannt, fir datt méi eligibel Leit d’Hëllef ufroen a kréien. Iwwerhaapt missten d’Aiden an hiren Ae vun engem gewëssene Revenu un net einfach gestoppt ginn, mee degressiv sinn, sou ewéi dat scho bei eenzelen Aiden de Fall ass. Haaptsächlech misst awer et méi Koherenz ginn tëscht de verschiddene Mesurë mat ënnert anerem och engem Guichet Unique a Simulateur Unique.
D’Erneierung vun den Aidë misst vereinfacht ginn an et kéint ee verschidden Aiden och ganz einfach automatesch maachen. An natierlech missten d’Prozeduren och fir d’Personal an den Administratiounen vereinfacht ginn an Null Toleranz fir een diskriminatoreschen Ëmgang mat Demandeuren.