Monica Semedo geet mat op der Lëscht vu Fokus an d'Europawalen
E Freideg den Owend huet Fokus via Pressecommuniqué matgedeelt, dass d'Monica Semedo der Partei bäigetrueden ass a fir si mat an d'Europawale geet.
Den Nationalkommitee vu Fokus war e Freideg den Owend beieneen, fir sech mat der Lëscht fir d'Europawalen ze beschäftegen. De Frank Engel ass vum Nationalkommitee beoptraagt ginn, fir d'Kandidate fir d'Europawalen ze proposéieren.
Et wier ee sech no grëndleche Gespréicher iwwert de politeschen a perséinleche Bilan vu 5 Joer Aarbecht am Europaparlament eens gewiescht, dass d'Monica Semedo op der Lëscht vu Fokus géif fir d'Europawalen 2024 kandidéieren. Déi leschte Kéier war si bei der DP mat op der Lëscht an hat do déi 4. Plaz erreecht mat 50.890 Stëmmen.
D'Europadeputéiert vun der liberaler Fraktioun Renew Europe géif déi sozial liberal Linn vertrieden, déi souwuel op nationalem wéi op europäeschem Plang och de Programm vu Fokus géif ausmaachen.
Op Nofro hin huet de Frank Engel RTL matgedeelt, dass een a leschter Zäit méi dacks op eng méiglech Kandidatur vun der Madamm Semedo ugeschwat gouf, an een dofir elo do wollt Kloerheet schafen.
Déi komplett Lëscht vun de Kandidate géif een am Verlaf vun den zwou kommende Woche presentéieren. Iwwert d'Spëtzekandidaturen decidéiert de Kongress vu Fokus den 23. Mäerz, wou och den Europawalprogramm presentéiert gëtt.
D'Monica Semedo sot vis-à-vis vun RTL, datt si keng Angscht huet, sech no hirem Bilan aus deene leschte 5 Joer, an deene si sech virun allem fir den europäesche Mindestloun a bezuelte Stagen agesat huet, nach emol dem Wieler ze stellen.
Si géif sech op Zesummenaarbecht mat Fokus freeën.
D'Partei géif déi sozial liberal Linn vertrieden, déi si och an deene leschte Joren am Europaparlament vertratt hätt.
"Et ass eng jonk dynamesch Partei, déi riicht eraus ass an dat gefält mer. Mir haten déi lescht Méint an d'lescht Joer ganz vill Echangen an dat passt. Dat passt bei mech an ech hunn am Europaparlament gesinn, datt einfach nach vill ze maachen ass. Virun allem am Sozialen. Mir brauchen en Europa, dat zesummenhält an dofir musse mer no de Leit kucken. Méi Chancëgläichheet schafen an dorunner wëll ech weider am Europaparlament schaffen. Mat Fokus ass dat méiglech an ech hoffen och op eng méi laang Zesummenaarbecht, wou ech meng Erfarungen ka mat erabréngen an och zu Fokus an zu der Entwécklung vun der Partei bäidroe kann."
D'Monica Semedo seet, si géif sech drop freeën, sech mam Wieler auszetauschen a géif motivéiert no vir kucken.
Austrëtt aus der DP
D'Monica Semedo war 2019 iwwert d'DP-Lëscht zesumme mam Charel Goerens an d'Europaparlament agezunn.
Am Januar 2021 ass si awer aus der Partei ausgetrueden. Et hat deemools intern rumouert, well si wéinst psychologescher Belästegung vun hiren Assistente vum deemolege President vum EU-Parlament, David Sassoli, fir 15 Deeg suspendéiert gi war.
2023 hat et nees esou Reprochë ginn. Als Reaktioun krut d'Politikerin vum Parlament Indemnitéite fir zéng Deeg gestrach. Wärend d'Monica Semedo no deenen éischte Reprochen ee Feelverhalen zouginn hat, huet si sech an deem zweete Fall gewiert.
Si huet eng Plainte beim Europäesche Geriichtshaff gemaach, well si der Meenung ass, datt d'Prozedur net korrekt ofgelaf ass. Sou hätt d'Press verschidden Informatioune virun hir gehat. D'Plainte leeft nach.