D'LSAP geet mam Spëtzenduo Marc Angel an Danielle Filbig an d'Course

D'RTL-Nouvellë goufen vun der LSAP-Parteileedung confirméiert an d'entspriechend Lëscht unanime e Freideg de Mëtteg ofgeseent.
Nodeem prominent Sozialisten wéi Asselborn, Lenert an Nicolas Schmit Rauten gewonk haten, hunn aner 5 Kandidaten misste fonnt ginn, fir de gesaten Marc Angel z'ënnerstëtzen.
Weiblech Spëtzekandidatin un der Säit vum député-sortant ass deemno d'26 Joer al Rammerecher Conseillère Danielle Filbig.
Och d’27 Joer jonk Süd-Deputéiert an Escher Conseillière Liz Braz geet a 4 Méint mat an d’Course em e Mandat am EU-Parlament.
Eng weider Fra, déi sech fir d’LSAP den EU-Walen stellt ass d'Michaela Morrisova, déi Attachée an der LSAP-Fraktioun ass.
Zwee bekannt politesch Gesiichter rënnen d'paritéitesch LSAP-Lëscht of: den aktuellen Vize-Chamberpresident Mars Di Bartolomeo an de fréieren Wirtschaftsminister Franz Fayot.
D'Altersmoyenne vun der LSAP-Lëscht sinn 44 Joer - Rieds geet vun enger jonker an dynamescher Lëscht, déi ënnert dem Slogan steet "Eist Häerz schléit fir Europa".
D'Lëscht muss nach den 17. Meärz um LSAP-Kongress ugeholl ginn.
D'LSAP koum 2019 op 12% bei de Walen a krut domat ee Sëtz, deen de Nicolas Schmit un de Marc Angel ofgetrueden hat, nodeems hien EU-Kommissär genannt gouf.