
D’Lëtzebuerger Architekte sinn an Trauer: Am Alter vun 82 Joer ass de Chrëscht Klein verscheet, deen Ugangs de 90. Joren den éischte President vum Ordre légal vum OAI war.
Wéi et vum OAI heescht, géif ee mam Chrëscht Klein eng jovial an engagéiert Personalitéit verléieren, déi et fäerdeg bruecht hätt, d’Conseile vun den Ingenieuren an d’Architekten 1990 ze rassembléieren an z’unifiéieren.
No Etuden am Stater Kolléisch, dem Arts et Métiers an dem IST, huet de Christian Klein seng Architekten-Etuden zu Bréissel gemaach an 1969 säin Diplom kritt.
Grouss Realisatioune vum Chrëscht Klein hei am Land waren den Amenagement vum Helleggeescht-Plateau, mä och vill Pläng fir Schoulen, Banken a Kulturzentren uechter d’Land.
An Afrika huet den Architekt vill Projete fir Lux-Development ënner anerem am Niger, um Cap Vert an dem Senegal entworf, dorënner d’Renovatioun vum bekannten Marché Kermel, deen 1993 zu Dakar verbrannt a nees opgebaut gouf.
De Chrëscht Klein, deen den Architekte-Bureau Klein & Muller matgegrënnt huet, war och Honorarconsul vun der Côte d’Ivoire am Grand-Duché.