Am drëtten a leschten Deel vun der Trilogie iwwer d'Spezialunitéit vun der Police gëtt eng Übung gemaach, bei där all Zerwisser gefuerdert ginn.

Wat ee méi sou  Exercicë mécht, wat ee besser a reelle Situatiounen kann agéieren, sou de Kommandant vun der Unitéit. Den Zenario bei dëser Übung ass eng bewaffent Geiselnam an enger aler Fabrick. Wéi géif d'Police virgoen, fir sou eng Situatioun ze léisen? Äntwerten am Reportage.

Kuckt och déi 2 aner Episode vun dëser Serie

D'lescht Woch, am éischten Deel vun eiser Trilogie iwwert d'USP, hu mir d'Organisatioun  an d'Struktur vun der Spezialunitéit ënnert d'Lupp geholl. Elo kucke mer op déi verschidde Spezialisatiounen. Wat maachen d'Sniperen, wéi gesäit d'Aarbecht vun de Negociateuren aus a wéi ass et mat Verhaftungen op oppener Strooss?

E Bléck op déi verschidde Spezialisatiounen an der USP gouf et am zweeten Deel vun der Trilogie iwwer d'USP. Prett sinn, wann et eescht gëtt, bannent Sekonnen eng Decisioun huelen, Liewe retten. D'Spezialunitéit vun der Police huet eng ganz besonnesch Missioun.