Fir eng inklusiv GesellschaftAusbau vun Ateliers protégés a besser Orientatioun um Aarbechtsmarché

Claudia Kollwelter
Fanny Kinsch
15 Prozent vun der Lëtzebuerger Populatioun hunn d'Gefill an enger Situatioun vun engem Handicap ze sinn.
Nei Zuelen zu de Leit mat engem Handicap zu Lëtzebuerg
An der Vollekszielung vun 2021 ervir, bei där eng éischte Kéier versicht gouf, Zuelematerial iwwert Leit mat enger Behënnerung ze sammelen.

Dat si 94.000 Leit, déi vu sech aus soen, eng Behënnerung ze hunn. Dee Chiffer geet aus der Vollekszielung vun 2021 ervir, bei där eng éischte Kéier versicht gouf, Zuelematerial iwwert Leit mat enger Behënnerung ze sammelen. D’Resultater dovu goufen e Freideg vum Familljeministère a vum Statec presentéiert.

Beim Recensement goufen d’Leit gefrot, hir Situatioun selwer anzeschätzen. Spiere se sech an enger Handicap Situatioun, vu wat si se betraff a wéi schwéier? D’Äntwerte baséieren also op der perséinlecher Approche vun de Leit. De Jean Ries vum Familljeministère erkläert, datt déi jonk Populatioun de Statistiken no manner betraff ass:

“Vu 45, 50 u klëmmt et ganz stramm. Vu 70 Joer u seet eng Persoun vu véier, se géif sech am Handicap spieren. Vun 80 un dann all zweeten. Dat klëmmt also ganz staark mam Alter. “

Wat d’Zort vum Handicap ugeet, hunn déi meeschte Leit d’Siicht uginn:

“Do sinn 8,7 % déi soten, se hätten eng Aschränkung mat den Aen. Nächste Problem ass d’Mobilitéit, Leit déi sech net gutt beweege kënnen oder am Rollstull sëtzen. An da kënnt d’Gehéier op drëtter Plaz.”

1,6 % hunn uginn, e mentalen Handicap ze hunn an och 1,6 % autistesch ze sinn. D’Persoune mat engem Handicap sinn de Statistiken no manner um Aarbechtsmarché vertrueden:

“Déi Kategorie déi rausstécht sinn d’Leit, déi eng Invaliderent hunn oder eng Pensioun mat 45 %. Dat ass net verwonnerlech, well d’Inzidenz zum Handicap mam Alter klëmmt, mer also vill Pensionären do hunn.”

Ma och d’Alterskategorie tëscht 20 an 64 Joer ass manner representéiert. De Chômagetaux läit do e gutt Stéck méi héich. De Familljeminister Max Hahn huet an deem Kontext betount, datt een engersäits méi Aarbechtsplazen an den Ateliers protégés wéilt schafen, mee och d’Orientatioun vu Leit mat Behënnerung um éischten Aarbechtsmarché verbessert misst ginn. D’Donnéeën aus der Vollekszielung iwwert Leit mat enger Behënnerung sollen an Zukunft nach weider analyséiert a verdéift ginn.

Back to Top
CIM LOGO