Bau- a Logementskris dierfen net vermëscht ginn, esou Taina Bofferding

© Envato Imagesourcecurated
En Dënschdeg stoung d'Logementskris an d'Mesuren, déi d'CSV-DP-Regierung geholl hunn, an der Chamber um Programm. Ma och d'Police Judiciaire war en Thema.
Logementskris: Mesurë vu Regierung ginn net duer, esou Oppositioun
An der Chamber war dann och nach op Initiative vum gréngen Deputéierte François Bausch eng Interpellatioun iwwert Mesuren, fir d'Logementskris an de Grëff ze kréien.
Verschidden Iddie vun der CSV-DP-Regierung huet seng Partei begréisst, zum Beispill, datt d'Regierung VEFAen opkeeft. Dat géing awer net duergoen, fir vun engem Paradigmewiessel ze schwätzen.
"Duerfir brauche mer menger Meenung deen ëffentlechen Investitiounsplang, deen iwwer 15/20 Joer geet, wou mer kloer definéieren a kloer och déi finanzielle Moyene ginn, fir kënnen um ëffentleche Wunnengsmaart méi aktiv ze ginn. Dat ass e Plang, do schwätze mer net vun Honnerte Milliounen, mee éischter vu Milliarden, déi mer iwwer 15/20 Joer brauchen, wa mer wëlle wierklech déi Objektiver do erreechen."
Den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach ass no der Interventioun vum François Bausch net dolaanscht komm, eng Rei Froen opzewerfen.
"Ma wie war dann an de leschte fënnef Joer zoustänneg fir de Logement a besonnesch fir den abordabele Logement zu Lëtzebuerg? War do net dem Här Bausch säi Parteikolleeg, den Henri Kox, dofir responsabel? Ass et dowéinst net komesch, wann dräi Méint no de Walen op enger Pressekonferenz op eemol e Plang gefuerdert gëtt, deen iwwer eng Zäitschinn vu 15/20 Joer soll festleeën, wou a wéini ëffentlech Wunnenge gebaut solle ginn?"
D'Fraktiounspresidentin vun der LSAP d'Taina Bofferding sot, am Contraire zu anere Parteien, wier hir Partei dovunner iwwerzeegt, datt nach ëmmer eng grouss Demande fir Wunnengen an Haiser do wier, mä datt d'Leit sech déi iwwerdriwwe Präisser net méi kënne leeschten.
"Bei deem Ganzen, an dat dierfe mer net vergiessen, wien eigentlech de Profit gemaach huet, respektiv vun där grousser Präissteigerung an deene leschte Jore profitéiert huet. Hei verweisen ech op déi Enquête sectorielle, déi d'Autorité de la concurrence d'lescht Joer am Juli publizéiert huet. Hei gëtt nämlech ganz kloer draus ervir, dass d'Profitter vun de Promoteuren iwwert déi lescht Jore massiv an d'Luucht gaange sinn an dass eng Handvoll, also eng Handvoll Leit sech domadder eng gëllen Nues konnte verdéngen. Mir verstinn, an et ass och richteg, dass d'Regierung ganz séier wëll Mesuren huelen, fir d'Baukris ofzewenden. Mä, an dat ass eise Punkt: Domadder ass d'Logementskris net nach direkt geléist."
D'Taina Bofferding ënnersträicht, datt déi zwou Krisen net dierfte matenee vermëscht ginn, och wa se zesummenhänken. De Gilles Baum vun der DP huet ënnerstrach, datt Blo-Rout-Gréng an de leschte Joren wuel eppes géint d'Logementskris gemaach hätt, mä datt hie perséinlech der Meenung ass, datt dat net duer goung.
Justiz fuerdert, PJ-Beamten nees aus der Stad ofzezéien
Bei senger Untrëttsvisitt hätt d'Police judicaire gebiedelt, fir méi Leit ze kréien, sot den Inneminister Léon Gloden e Méindeg als Invité vun der Redaktioun, wéi en op de Bréif vun der Procureure Générale Martine Solovieff reagéiert huet. Si hat jo gefrot, déi 110 Beamten aus der PJ, déi wéinst dem Heescheverbuet an der Stad am Asaz sinn, direkt erëm ze dechargéieren, well d'Police judiciaire hir eigentlech Aarbecht net gemaach kréich.
An deem Kontext goufen et en Dënschdeg de Mëtten an der Chamber wärend der Froestonn un d'Regierung, och Froen vun den Deputéierte David Wagner vun déi Lénk an Dan Biancalana vun der LSAP un den Inneminister. De Leon Gloden huet an senger Äntwert präziséiert, datt bei der Police judicaire eleng dëst Joer 55 Leit géife rekrutéiert ginn.
Bis Enn Abrëll sollen zéng Enquêteurs civils en matière EcoFin rekrutéiert ginn. Dat kënnt Der och elo schonn op GovJobs nokucken. Ab dem éischte Mee gi 25 Polizisten, fir déi verschidde Sektioune vun der SPJ ze verstäerken, rekrutéiert. Ab dem éischte Mee ginn zéng Leit Zivilpersonal rekrutéiert an am September/Oktober ginn nach eng Kéier zéng Enquêteurs civils fir an d'Sectioun EcoFin rekrutéiert. Dat heescht, dëst Joer ginn eleng 55 Leit bei der Police judiciaire rekrutéiert.