Iwwer 600.000 WalberechtegterOGBL an LCGB zéien éischte positive Bilan

Pierre Weimerskirch
Pierre Jans
Lynn Cruchten
Souwuel beim OGBL zu Esch, wéi och beim LCGB an der Stad zitt een en éischte positive Bilan vun de Sozialwalen an de Betriber.

Och wann déi grouss Betriber nach net ausgezielt sinn.

Gutt Stëmmung ënnert den OGBL-Sympathisante wéi déi éischt Resultater erakoumen, an enger ganzer Partie Betriber konnt den onofhängege Gewerkschaftsbond d’Resultater vun de leschte Sozialwale confirméieren oder ausbauen. Den OGBL ass mat iwwer 6.100 Kandidatinnen a Kandidaten a ronn 830 Betriber vertrueden. E puer vun den Delegéierte soten an der Maison du Peuple zu Esch, et wier wichteg, sech an de Gewerkschaften ze engagéieren, grad och fir d’Stëmm vun de Salariéen héichzehalen.

Am RTL-Interview sot d’OGBL-Presidentin Nora Back, dass see frou wier iwwert déi aktuell Resultater. Wuel wier et nach en Tëschebilan, well déi grouss Betriber nach net ausgezielt sinn an een och déi Resultater misst ofwaarden, fir e komplett Bild ze kréien.

Gutt Stëmmung ënnert den OGBL-Sympathisanten
Souwuel beim OGBL zu Esch, wéi och beim LCGB an der Stad zitt een en éischte positive Bilan vun de Sozialwalen an de Betriber.
Aktuell schwiereg Zäiten

Mir sinn a ganz villen Entreprisen esouguer ganz eleng gewielt ginn a kruten 100 Prozent vun de Sëtz. Dat kann ee quasi an alle Secteure soen”, esou d’Nora Back. Et hätt een de gréissten Handwierksbetrib Socom oder am soziale Beräich Servior oder Croix-Rouge. D’Erausfuerderunge fir den OGBL wieren et, d’Interesse vun de Leit ze verdeedegen.

Et wieren aktuell schwiereg Zäite fir d’Leit an d’Familljen, et briecht e staarken OGBL, fir d’Interesse vun de Leit ze verdeedegen: “Mir wäerten dat op alle Fronte maachen, wat d’Steierpolitik ubelaangt oder d’Kafkraaft, wat d’Renten ugeet oder och d’Logementskris. Themen, déi eis am Alldag betreffen.

Och LCGB zitt éischte positive Bilan

Och den LCGB zitt um kuerz no hallwer 8 um Dënschdegowend en éischte positive Bilan. Mat 4.300 Kandidaten a 540 Betriber ass een ugetrueden, fir an de verschiddene Personaldelegatiounen uechtert d’Land Fouss ze faassen.

De President vum LCGB Patrick Dury schwätzt vun enger dynamescher Stëmmung a gudder Ambiance um Siège vun der Gewerkschaft am Garer Quartier. Och hei wëll een op d’Resultater aus de grousse Betriber waarden, fir een definitive Bilan ze zéien. “Déi éischt kleng Betriber sinn dobannen an do gesäit et ganz gutt aus”, esou en e bësse méi zeréckhalende Patrick Dury um RTL-Mikro.

Och LCGB zitt éischte positive Bilan
Souwuel beim OGBL zu Esch, wéi och beim LCGB an der Stad zitt een en éischte positive Bilan vun de Sozialwalen an de Betriber.

Den LCGB wéilt sech virop fir d’Leit am Privatsecteur asetzen: “Mir wëllen u sech fir de Privatsecteur do sinn, well et kann net sinn, dass de Gruef tëscht Privatsecteur a Fonction Publique méi grouss gëtt oder nach méi grouss gëtt. Do wëlle mir eis ganz staark engagéieren.

D’Annoncen, déi iwwert eng Pensiounsreform an de leschte Woche gemaach goufen, gesinn déi zwou gréisste Gewerkschaften als en Defi un. Fir de Patrick Dury sinn dat Dossieren, wou een och gemeinsam als Gewerkschafte muss ugoen.

Um Walowend huet de Marc Hoscheid bei de Kandidate vum LCGB nogefrot, wat d’Motivatioun war, fir sech dem Vott ze stellen. D’Grënn si vu Kandidat zu Kandidat verschidden:

LCGB-Delegéiert motivéiert an optimistesch / Reportage Marc Hoscheid

Aleba als politesch neutral Gewerkschaft

D’Aleba, d’Gewerkschaft aus dem Finanzsecteur, huet zum Zil, national Representativitéit ze kréien. Domat wéilt een de Gewerkschaften LCGB an OGBL Konkurrenz maachen, dat als politesch neutral Gewerkschaft. D’Aleba ass den Ament nach an der Chambre des Salariés an de Secteure 4 bis 9 representéiert (Finanz, aner Déngschtleeschtungen, ëffentlech Administratiounen, Gesondheet-a Soziales, CFL, Pensionnairen).
Back to Top
CIM LOGO