En Trend, deen de grousse Gewerkschaften net schmaachen dierftD'fräi Lëschte sinn de grousse Gewënner vun de Sozialwalen 2024

Jean-Marc Sturm
Am Aarbechtsministère ginn d'Bulletinen vun de Sozialwale fir d'Chambre des Salariés weider ausgewäert.
© Ministère du Travail

Bei iwwer 600.000 potentielle Wieler dierft et nach zwou bis eventuell dräi Wochen daueren, bis d’Resultat steet.
“En attendant” sinn et d’Resultater aus de Betriber, déi intresséieren. Ma do gëtt et e kloren Trend, deen de grousse Gewerkschaften net därmoosse schmaachen dierft.

D’fräi Lëschte sinn de grousse Gewënner vun de Sozialwalen / Jean-Marc Sturm

An dat sinn déi sougenannte fräi Lëschten. Déi sinn elo, wou bal dräi Véierels vun den iwwer 4.000 Betriber an deenen Delegatioune gewielt goufen, ausgezielt sinn, queesch duerch de Gaart, de grousse Gewënner mat 56 %. Den OGBL kënnt op 26 % den LCGB op ronn 14 %.

Am Virfeld hunn déi grouss Gewerkschaften net verstoppt, dass ee sech dem Phänome vun de fräie Lëschten duerchaus bewosst ass. Vun der OGBL-Presidentin Nora Back war et viru 6 Woche bei der Presentatioun vun der Campagne fir d’Sozialwalen dës Warnung:

“Ma dann huet ee jo guer kee Réckhalt vun der Gewerkschaft, an et huet ee guer keng Moyenen ze handelen. Et kann een och kee Kollektivvertrag mat verhandelen. Et huet ee keng Informatiounen an och keng Formatioun hannendrun.
Et muss een och soen, dass et oft esou ass, dass déi sougenannte fräi Lëschten op ville Plaze Lëschte sinn, wou de Patron einfach an de Betrib geet a seet: ‘Hei Du, Du an Du, Dir sidd elo d’Delegatioun’. Dat ass natierlech sécherlech net de Sënn vun enger gudder Personaldelegatioun.”

Antëscht erkläert d’Handwierkerfederatioun d’fräi Lëschten zu de grousse Gewënner vun de Sozialwalen.
An den Handwierksbetriber mat méi wéi 100 Salariéë stellen dës fräi Lëschte 77 % vun de gewielte Personaldelegatiounen. Mat 14 respektiv 8 % wieren OGBL an LCGB op deem Plang nëmmen nach Randerscheinungen.
Dat Resultat wier och fir d’Politik den Optrag, de gesetzleche Kader esou ze änneren, dass bannent de Betriber d’Organisatioun vun der Aarbecht an der Aarbechtszäit tëscht dem Patron an der Personaldelegatioun decidéiert ginn. Dat misst eng vun de politesche Prioritéite sinn.

Reaktioun vum OGBL um Donneschdeg den Owend

Déi sëllege fräi Lëschte bei de Sozialwalen an de Betriber géifen net zesummegehéieren a kéinten deemno och net zesummen als en eenzele Gewënner gesi ginn. Dat schreift den OGBL an enger Reaktioun op d‘Deklaratioun vun der Handwierkerfederatioun, déi fräi Lëschten an de Betriber wieren déi grouss Gewënner vun de Sozialwalen.

D‘Fuerderung, d‘Gesetz esou ze änneren, dass déi sougenannt neutral Delegatiounen zum Beispill och Kollektivverträg verhandelen dierfen, hätt als eenzegt d‘Zil, d‘Aarbechtskonditiounen an d‘Paie vun Honnertdausende Leit ze reduzéieren, andeems si mat Delegatiounen negociéieren, déi kee gewerkschaftleche Support a keng finanziell Ressourcen hunn a virun allem komplett ofhängeg vun hirem Employeur sinn.

LINK: Liest hei d’Schreiwes vun der Fédération des Artisans

Back to Top
CIM LOGO