Net gutt leeft et awer zanter eng Zäit am Akafszenter vu Walfer, deen 2008 seng Dieren opgemaach huet an ënnert der Covid-Pandemie ze leiden hat. De Proprietär plangt elo amplaz een Immobiliëprojet, woubäi eng Rei Butteker, déi gutt lafen, awer kéinten erhale bleiwen.
Huele mir et direkt virewech. De Shoppingzenter wäert net komplett aus der Landschaft verschwannen. D’Butteker um Rez-de-chaussée bléiwen erhalen. D’Awunner aus der Walfer Ëmgéigend wäerte weiderhi kënnen hir Kommissiounen hei erleedegen. Zum Beispill bleift de Supermarché bestoen. D’Geschäfter wäerten awer renovéiert ginn.
Den 1. Stack vum Shoppingzenter soll eng nei Nues kréien. Déi meescht Butteker sinn och hei schonn zou. De Stack gëtt sanéiert. Wärend dësen Aarbechte kënnen d’Geschäfter um Rez-de-chaussée opbleiwen. Eng 50 bis 60 Appartementer fir +- 100 Leit sollen amplaz vun de Butteker gebaut ginn.
Dem Eenzelhandel géif et net méi sou gutt goen. Anerersäits géife Wunnengen dréngend gebraucht ginn. Dëst huet de Proprietär vum Shoppingzenter Bernard Elvinger op d’Iddi bruecht, ëmzedenken an de Geschäftszenter nei auszeriichten.
D’Entwécklung vun de Butteker an de Stied wär aneschtes ewéi an de Geschäftszenteren.
Mat Hëllef vu Solar- a Wandenergie sollen d’Appartementer spéider gehëtzt ginn. D’Gréngs un der Fassad soll als Isolatioun säin Déngscht leeschten.
Fir dësen ambitiéise Projet elo ëmzesetzen, misst d’Politik matspillen, esou de Bernard Elvinger. Souwuel d’Walfer Lokalresponsabel ewéi d’Regierung wäre gefuerdert.