An dëser Phishing-Campagne gëtt den Numm an de Logo vun der CNS, esou wéi och vu Luxtrust mëssbraucht.

Déi Onéierlech géifen de Leit e Mail maachen, wou si matgedeelt kréien, datt hir Rechnung net ka bezuelt ginn, well wichteg Informatiounen dozou feelen. Wien op de Link klickt, gëtt op eng falsch Säit weidergeleet, déi just dofir do ass, fir d'Daten ze klauen.

De Link féiert op Säiten, déi net vun der CNS oder LuxTrust sinn, confirméiert d'Krankekeess. Et soll een net op dës Linke klicken an do keng perséinlech Daten an Informatioune weiderginn.