Russesch Presidentiellen zu LëtzebuergProtest a laang Schlaange virun der Ambassade zu Dummeldeng

RTL Lëtzebuerg
Déi russesch Oppositioun hat jo fir e Sonndeg zum weltwäite Protest opgeruff, eppes dat och zu Dummeldeng e Sonndeg ëmgesat gouf.
Russesch Presidentiellen zu Lëtzebuerg
Protest a laang Schlaange virun der Ambassade zu Dummeldeng. Bannent enger hallwer Stonn huet sech d’Schlaang, vun de Leit déi wiele wëllen, verfënneffacht.

D’Putin-Géigner op der Welt sollten all um Punkt 12 Mëttes bei hire respektive Walbüroe goen, fir hier Stëmm ofzeginn, fir esou hire Protest ze manifestéieren awer och fir laang Waardeschlaangen ze provozéieren. Och zu Lëtzebuerg hu vill Russen en Zeeche gesat.

Bannent enger hallwer Stonn huet sech d’Schlaang, vun de Leit déi wiele wëllen, verfënneffacht. Zu Lëtzebuerg hat d’Organisatioun RUHelp dozou opgeruff, fir um 12 Auer bei d’russesch Ambassade zu Dummeldeng ze kommen.

Vill Russen déi zu Lëtzebuerg wunnen, sinn net domadder averstanen, wéi dës Walen oflafen. Géigekandidaten aus der Oppositioun goufen net zougelooss a fäerten, datt d’Resultater vum Kreml manipuléiert ginn.

Weider Informatiounen an Andréck ginn et an eisem Reportage e Sonndeg den Owend vun 19.30 Auer un am Journal an hei op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO