
D’Demande muss bei der Gemeng gemaach ginn, wou een als Wieler ageschriwwen ass an zwar bis spéitstens den 30. Abrëll, wann de Bréif an d’Ausland geschéckt soll ginn, respektiv bis spéitstens de 15. Mee, wann de Bréif hei am Land bleift.
Den entspriechende Formulaire fënnt een op myguichet.lu oder awer och op den Internetsitte vu ville Gemengen am Land. U sech geet en einfache Bréif mat Numm, Adress a Gebuertsdatum awer och duer.
Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen, mussen dann och eng Kopie vun der Carte d’identité oder dem Pass derbäi leeën.