Russesch PresidentiellenWéi gouf zu Lëtzebuerg gewielt?

RTL Lëtzebuerg
Och hei am Land hu russesch Staatsbierger un de Presidentiellen deelgeholl, déi offizielle Sourcen no däitlech vum aktuelle President gewonne goufen.
© RTL Archivbild

Gezielt goufe baussent der russescher Ambassade hei am Land 877 Wieler, déi hir Stëmm ofginn hunn. Dat si méi Wieler, wéi zum Beispill zu Oslo, Mailand oder Lissabon gezielt goufen, wou et awer grouss russesch Communautéite ginn. Dem benevole Groupement “vote abroad” no krut de President Putin hei am Land nëmmen 13 Prozent vun alle Stëmmen, iwwerdeem d’offiziell Walkommissioun fir Lëtzebuerg awer 42 Prozent notéiert huet.

35 Prozent vun de Wieler wollten net soen, wéi si gestëmmt hunn, wéi si aus der Beggener Ambassade erauskoumen, notéieren d’Volontairen, déi den Oflaf vun de russesche Walen am Ausland suivéiert hunn.

Wann een all d’Votte vun de ronn 70.000 russesche Staatsbierger am Ausland zesummenzielt, kënnt een dem Kollektiv “vote abroad” no op e Score vu 15% fir de President Putin.

Back to Top
CIM LOGO