Am Budgetsgesetz virgesinnD'Steieren op E-Liquiden an Nikotin-Säckelcher vum 1. Oktober un

RTL Lëtzebuerg
Ee groussherzoglecht Reglement gesäit Tauxe vun 120€/Liter fir d'E-Liquide fir Vapes an 22€/kg fir d'Nikotin-Säckelcher SNUS vir.
© AFP Symbolbild

An den Nopeschlänner ginn et och dës Taxen, mee se si méi héich wéi hei am Land.

Dës Prezisioun gëtt d’Santésministesch Martine Deprez an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement, dee sech iwwert de Konsum vum Tubak hei am Land renseignéiert hat mam Bléck, abënns op d’Produite vun der neier Generatioun wéi Puffs oder SNUS.

Wéi d’Ministesch schreift, wäerten och all Tubaksproduiten, déi der neier Generatioun ugehéieren, vum neien “Nationalen Antitubaks-Programm” viséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO