Kënnt de Präisdeckel?

Mir hunn nogefrot, wat dann elo eigentlech mat dem Loyersgesetz geschitt.
Virun engem gudde Joer gouf sech d'Käpp driwwer ageschloen, elo ass et roueg ginn ëm dat ominéist Bail-a-Loyersgesetz, dat jo ënnert anerem e méi niddrege Loyersdeckel aféieren an d'Locatairë besser schütze sollt. Um Enn war keng Partei méi esou richteg zefridde mam Projet an och vum Staatsrot gouf et Kritik, soudass d'Gesetz net duerch d'Chamber gaangen ass. Virun de Walen haten allerdéngs d'Regierungsparteie versprach, och de Locataire net ze vergiessen.
Ëm wat goung et deemools a firwat ass d'Propos du schlussendlech awer net ukomm?
Mir hu jo schonn e Loyersgesetz, dat eng Limitt vum Loyer vu 5% vum investéierte Kapital festleet, wat an der Praxis net onbedéngt respektéiert gëtt. Dofir wollt déi fréier Regierung ënnert anerem an deem Punkt nobesseren an de fréiere Logementsminister Henri Kox huet 2022 en iwwerschaffte Gesetzesprojet presentéiert, wou eng Limitt vu maximal 3,5 Prozent vum investéierte Kapital festgeluecht war, dat Ganzt och ugepasst un d'Präisentwécklungen iwwer d'Joren. Dat war dunn och de Knackpunkt. Kritik un der Limitt koum vun alle Säiten.
Engersäits géif esou en Deckel den Investisseur ofschrecken, well den Invest an de Steen domat net méi rentabel wier. Doduerch géing manner gebaut, wat d'Loyeren zousätzlech an d'Luucht dreiwe géing, duerch eng héich Demande a wéineg Offer.
Anerersäits wier et duerch e Feeler an de Koeffiziente vun der Formule méiglech gewiescht, al Gebaier däitlech méi deier ze verloune wéi neier, eppes wat zum Beispill vum Mieterschutz kritiséiert gouf.
De Gesetzesprojet ass schlussendlech net duerch d'Chamber gaangen. Et gouf allerdéngs d'Propos, iwwert verschidden Elementer eenzel ofzestëmmen, well et do e Konsens gouf. Dat war zum Beispill d'Erofsetze vun der Kautioun vun 3 op 2 Loyeren, d'gläichméissegt Opdeele vun den Agence-Fraisen tëscht Locatairen a Proprietären oder nach de Gesetzeskader fir WGen.
D'Regierung hat jo awer och rezent Moossnamen am Logement annoncéiert?
Déi sinn haaptsächlech drop ausgeriicht, d'Offer eropzesetzen. Sou gëtt et steierlech Virdeeler beim Verkaf vun enger Wunneng, de Bëllegen Acte gouf vun 30.000 op 40.000 Euro eropgesat an d'Leit solle méi Subside kréien. Ausserdeem plangt de Staat, 800 VEFAen opzekafen, also Appartementer an der Constructioun an déi an d'Locatioun ze ginn.
RTL-News: Premier Frieden annoncéiert Mesuren - Et soll nees Schwong an de Wunnengsbau kommen
Wat geschitt dann elo mam Gesetzesentworf vun der viregter Regierung?
Op Nofro huet de Logementsminister Claude Meisch confirméiert, et hätt ee rezent eng Entrevue mam Mieterschutz gehat. Verschidde Punkten aus dem Gesetz, wéi d'Erofsetze vun der Kautioun, d'Opdeele vun de Fraisen oder de Kader fir Wunngemeinschafte, solle separat ofgestëmmt ginn. Dat kéint virum oder nom Summer de Fall sinn.
E Präisdeckel bei de Loyere stéing awer elo direkt net um Programm. De Logementsminister Claude Meisch erkläert, et wier aktuell mat den héijen Zënsen an der Kris am Bau net de richtege Moment dofir, mee eventuell kéint een an zwee Joer kucken, e Kompromëss tëscht Investisseuren a Locatairen ze fannen.
Mieterschutz: Situatioun ass katastrophal- Op d'mannst e Präisdeckel fir "Cafészëmmeren"
De Jean-Michel Campanella, President vum Mieterschutz, begréisst, dass op d'mannst eenzel Mesuren aus dem Loyersgesetz komme sollen an hofft op eng séier Duerchsetzung. Och déi nei Mesure, fir de Marché unzereegen, fënnt de Mieterschutz net schlecht, bezweiwelt awer, dass domat d'Präisser um Locatiounsmarché erofginn.
Aktuell wier d'Situatioun do nämlech katastrophal, an hätt sech och par Rapport zum leschte Joer nach däitlech verschlechtert.
Dofir plädéiert een op d'mannst fir e Präisdeckel bei de Loyere vu sougenannte Cafészëmmeren. Do géingen exorbitant Präisser grad déi Schwächsten aus der Gesellschaft treffen. Ausserdeem fuerdert de Mieterschutz, dass déi sougenannte Mietkommissioun professionaliséiert gëtt beim Logementsministère a mat ausgebilte Juristen. Aktuell géifen do nämlech nëmme wéineg Fäll traitéiert.