Et war 4 Auer Moies, ewéi bemol de Feieralarm ugoung. Den éischten Damp huet sech schonn de Wee ënnert der Dier erausgesicht, ewéi e puer Minutte méi spéit déi éischt Pompjeeën op der Plaz waren. D’Helikopteren a Fligere goufen evakuéiert, fir all Risiko aus dem Wee ze goen. D‘Feier selwer war an 10 Minutte geläscht, esou de Gilbert Hoffmann, Chef vum CIS um Findel, ma de Schued war awer grouss.
D’Feier ass am Stockage-Raum entstanen. D’Air Rescue ass Iso-zertifiéiert: konkret heescht dat, datt all Owend no Feierowend dat medezinescht Material, Apparater, ewéi Medikamenter aus de Fligeren erausgeholl ginn an an engem Raum, deen um Hangar attachéiert ass, stockéiert ginn. Sämtlech Material gëtt op Weenercher geraumt an d‘Apparater ginn och do opgelueden. De René Closter, Fondateur a President vun der Air Rescue, geet dovun aus, datt et e Problem mat enger Chargeur gouf, respektiv datt eng Ions-Batterie Feier gefaangen huet.
Um 10 Auer war d’Police Judiciaire op der Plaz. D’Ermëttlunge wéinst der Brandursaach lafen.
De Materialschued allerdéngs läit héich. En Dënschdeg den Owend huet d’Air Rescue an engem Schreiwes matgedeelt, dass dësen antëscht bei zwou Milliounen Euro läit. Material, dat iwwert déi lëscht 20 Joer ugesammelt gouf, gouf an enger Nuecht komplett zerstéiert. De René Closter weist sech emotional: “Et kënnt immens vill Aarbecht op eis Medezin-Crew duer. Et muss elo alles ersat ginn. Dat ass net esou einfach. Et ass näischt op Stock. Dat ganzt Material, dat mir benotzen, muss aeronautesch zougelooss sinn. Dat Material geet een net einfach an d’Geschäft kafen, ewéi an engem Spidol.”
Ënnert dem zerstéierte Material waren och déi dräi hauseege Couveusen fir Fréigebuerten. Hei huet d’Air Rescue iwwert déi lescht Joren hir eegen Apparater entworf. De Lëtzebuerger Service ass aktuell deen eenzegen op der Welt, dee Fréigebuerte vu 700 Gramm u bei Urgencë kann transportéieren. D’Liwwerzäit fir déi nei Couveusë läit bei engem Joer – och wéinst de Kontrollen an der Zertifizéierung.
Eng Rei Apparater si verbrannt. Anerer sinn duerch den Damp oxidéiert, respektiv geschmolt. 12 Defibrillatoren, eng Rei Beootmungsmaschinnen, Bluttdrockgeräter, an aner Geräter sinn net méi ze gebrauchen. An awer geet d’Aarbecht fir d’Air Rescue riicht virun.
D’Mataarbechter goufen de Mueren erageruff, fir ze hëllefen. En éischten Asaz gouf et de Dënschdeg de Muere schonn um 8.30 Auer geflunn. Mat Hëllef vum CGDIS goufen zwee Helikopter nees mat ausgeléintem Material equipéiert. Et solle keng Asätz ausfalen. Bis e Mëttwoch solle souguer dräi Fliger nees operationell sinn. Deels mat neiem, selwer kaaftenem Material, respektiv mat Material, dat vum CGDIS ausgeléint gëtt. D’Air Rescue hofft op de Support vun de Memberen, fir esou séier ewéi méiglech nees komplett funktionell ze sinn.
12 Pompjeeë vum Findel an aus der Stad waren am Asaz. Eng MGV-Ventilatioun huet en Dënschdeg de Mueren nach Rechter vum Damp aus dem Gebai evakuéiert.