Colmer-BiergDe Weekend iwwer gouf e Futtballsterrain Affer vu Vandalismus

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Gemeng op Nofro hi matdeelt, wier e Méindeg opgefall, dass um Futtballsterrain zu Colmer-Bierg lauter Autosspuere wieren.

Et wier dëst dann och net déi éischte Kéier, dass iergendwellech Leit um Futtballsterrain mam Auto ronderëm fueren. Och am Wanter, wou et gefruer war, wier hei schonn drop gedrift ginn.

D’Gemeng weess net, wien et war a géif eng Plainte bei der Police maachen.

Back to Top
CIM LOGO