Luc Frieden ruddert zeréck
Lescht Woch hat de Premier Luc Frieden zu Bréissel nach erkläert, d'CSV-DP-Regierung géif d'Thema Atomkraaft net ideologesch, mä zukunftsorientéiert ugoen.
D'Nuklearenergie vu muer, wier net mat där vun haut ze vergläichen, hat et ausserdeem nach geheescht. Aussoen, déi esou wuel an de Reie vun der Oppositioun wéi vun der Majoritéit Froen driwwer opgeworf hunn, ob Lëtzebuerg ënnert dëser Regierung vu senger Atom-kritescher Positioun géing ofréckelen. Am Fong net, huet de Luc Frieden e Mëttwoch den zoustännege Chamberkommissiounen erkläert.
Vorwärts, Kameraden. Wir müssen zurück – De Luc Frieden hat och nach den Ëmweltminister Serge Wilmes an den Energieminister Lex Delles mat bei d'Deputéiert geholl, fir z'assuréieren, datt sech d'Lëtzebuerger Positioun a Saachen Atomkraaft am Verglach mat der viregter Regierung net verännert hätt: "D'Regierung huet eng kloer Meenung, dat ass, datt se fir erneierbar Energien ass an datt se fënnt, datt déi aktuell Atomreakteren eng ganz Rei vu Sécherheetsfroen opwerfen. Dat ass eis Meenung, dat war eis Meenung och an deene Regierungen, deenen ech an der Vergaangenheet ugehéiert hunn. An dat huet net geännert. Mee dat heescht net, datt mir anere virschreiwen, wat si solle maachen", sou de Premierminister.
De Lex Delles huet confirméiert, "datt mer déi erneierbar Energië wëllen no vir bréngen. Dass mer mussen an déi erneierbar Energien, souwuel an der Recherche wéi awer och an der Installatioun vun erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg investéieren. De Koalitiounsaccord ass do ganz kloer drop an do ass eng Eenheet an der Regierung, fir dat weiderzebréngen. Mir gesinn Atomenergie net als erneierbar Energie un."
Ma wat seng Partei ugeet, huet hie vill méi däitlech Wierder: "D'Positioun vun der DP ass ganz kloer, datt mer géint Atomenergie sinn". D'Jugendorganisatioun JDL, déi dem Luc Frieden seng vermeintlech Ouverture op d'Atomenergie begréisst hat, läit do net mat der DP op enger Linn.
D'Oppositioun huet d'Aussoe vum Luc Frieden e Mëttwoch begréisst. "Ech géif ganz kloer soen, alles wat en de Moien [u.v.d.R. Mëttwoch] gesot huet, war eppes ganz aneschtes wéi dat, wat en an der Press virun e puer Deeg gesot huet", sot de François Bausch vun déi Gréng. De Premier hätt d'Offer, fir eng Entrevue mat him an der fréierer Ëmweltministerin Joëlle Welfring zum Sujet ugeholl, sou de François Bausch weider. Den LSAP-Deputéierte Georges Engel sot: "Zu Bréissel, do huet en ale Luc geschwat. An hei an der Kommissioun huet deen neie Luc geschwat. An dat ass vläicht net ëmmer dee selwechten. Op alle Fall haut huet d'Regierung sech dozou bekannt, weider an déi erneierbar Energien ze investéieren. Dat ass ganz gutt."
Fir den David Wagner vun déi Lénk ass um Enn ëmmer nach kloer, wou de Premier géing stoen:
"Do sinn zwou Séilen an enger Broscht, déi matenee kämpfen, mee ech hunn den Androck, datt awer déi pro-Atom-Séil e bësse méi staark ass. An elo huet de Premierminister versicht, e bëssen zréckzerudderen, well zu Lëtzebuerg gëtt et jo e Konsens géint Atomenergie."
De Pirat Ben Polidori war alarméiert vum Premier sengen Aussoen d'lescht Woch: "Wat eis awer haut erkläert gouf an der Kommissioun a wéi den Här Frieden sech och ausgedréckt huet, gesi mer awer, dass en do, also fir mech emol, ganz kloer ferm zeréckgeruddert huet vu sengen Aussoen. Et ass net dat, wat esou ze verstoe ginn ass d'lescht Woch. Et geet elo an eng Richtung vun effektiv erneierbaren Energien. Si investéieren net an d'Richtung vun der Nuklearenergie, wat mer natierlech ganz staark begréissen."