
Bei der Ëmfro koum eraus, dass 73 Prozent vun de Befroten der Meenung sinn, dass de Pensiounssystem bannent den nächsten 3 Joer misst reforméiert ginn. Dat well d’Recettë vun der Pensiounskeess an Zukunft net méi wäerten duergoen, fir d’Ausgaben ze decken. Dee Punkt wäert 2027 erreecht sinn. D’Reserve wäerten de leschte Projektioune no 2042 erreecht sinn.
Ma och am Ministère vun der Sécurité sociale ass een der Meenung, dass een agéiere misst. Der Ministesch Martine Deprez no wier et “onverantwortlech, näischt ze maachen”.
D’Fondation Idea huet de Befroten dann och potentiell Léisunge proposéiert, fir de Pensiounssystem laangfristeg ze reequilibréieren. Dës goufen op enger Skala vun 1 (“en Hiewel, deen een op kee Fall ëmleeë sollt”) bis 5 (“en Hiewel, deen een op alle Fall ëmleeë sollt”) bewäert.
Am héchste bewäert gouf d’Mesure, fir d’Aarbechtszäit ze verlängeren. Den zweethéchste Score krut d’Propos, fir den Niveau vu verschiddene Pensiounen no ënnen unzepassen.