Zoustänneg Chamberkommissioun an CFL-Direktioun kruten Explikatiounen

Ugangs vum Mount stoung am Tageblatt een Artikel iwwer zolidd Mëssstänn am Service vun der Video-Iwwerwaachung bei den CFL.
Op Demande vun de Piraten an der LSAP krut déi zoustänneg Chamberkommissioun a Presenz vun der Transportministesch Backes Explikatioune vun der CFL-Direktioun.
De Service huet ronn 1.500 Kameraen, fir d'Garen ze iwwerwaachen. Ma esou stoung et a an der Zeitung, amplaz d'Moniteuren am A ze behalen, géifen déi zoustänneg Mataarbechter och emol schlofen, Netflix kucken oder online Poker spillen. Tageblatt-Informatiounen no wiere Sexual- an Drogendelikter net gesinn oder net gemellt ginn.
D'CFL-Direktioun hat den Dag selwer all Reproche vu sech gewisen.
Wat d'Disziplin vun den CFL-Mataarbechter beim Service vun der Videoiwwerwaachung betrëfft, misst dat een interne Suivi kréien, sot d'Transportministesch Yuriko Backes en Donneschdeg.
Et dierft een an der Sécherheetsdebatt an dësem Fall net alles duercherneegeheien. Et wier net un de Leit vun der Bunn, fir d'Roll vun der Police ze iwwerhuelen.
"D'CFL ass responsabel fir d'Securitéit, éischtens emol vun den Infrastrukturen, fir dass déi hei mat der Kamera iwwerwaacht ginn. D'Police ass fir d'Sûreté responsabel. Déi Zesummenaarbecht, déi fënnt statt, an déi leeft och gutt..."
De Marc Goergen vun de Piraten fäert, dass fir d'Eisebunn de Schoss no hanne lassgaangen ass.
"D'CFL hat een Ofschreckungseffekt bis elo, bis d'Gängsteren elo och matkritt hunn, dass kee méi kuckt, an dass déi just nach do ass wann d'Police iergend eng Kéier eng Demande mécht. Dofir misst d'CFL sech och emol hannerfroen, ob ee soll dee System bäibehalen oder ob se higinn a setze Leit mat enger Formatioun dohinner, déi dann och an engem kuerzen Delai, well mir halen den Dateschutz héich, kënnen zeréckspullen a kucken, ass do eppes geklaut ginn, ass do eppes geschitt oder net. Well soss bréngt dee ganze System Näischt an et ass just Geld verpolfert".
Dat Ganzt wäert nach emol Sujet sinn, wann et um Debat vum Gesetzprojet ass deen de viregten Transportminister Bausch am Oktober iwwert d'Sécherheet am ëffentlechen Transport op den Instanzewee geschéckt huet.
5 Disziplinarprozeduren am Service vun der CFL-Videoiwwerwaachung
D'CFL-Videoiwwerwachung war och Sujet vun enger parlamentarescher Fro vun de Piraten. An der Äntwert huet d'Transportministesch um Donneschdeg eng Partie Zuelen geliwwert:
An de leschte 5 Joer huet de Service 12 Mol Tëschefäll bei der Police gemellt, d'Police hirersäits huet knapp 1.200 Kamerabiller ugefrot an et gouf 5 Disziplinarprozedure bannent dem Service vun der CFL-Videoiwwerwaachung.