Konstruktiounsbetriber an der FailliteLuis Paiva: "Ech hu misste Sue léine goen, fir bei den Dokter ze goen"

Rosa Clemente
Méintlaang ouni Pai iwwerliewen. Dat ass den Ament d'Realitéit fir eng Rei Aarbechter aus dem Bausecteur.
Luis Paiva: "Ech hu misste Sue léine goen, fir bei den Dokter ze goen"
Méint laang ouni Pai iwwerliewen. Dat ass den Ament d’Realitéit fir eng Rei Aarbechter aus dem Bausecteur.

De Luis Paiva (54 Joer) a säin Aarbechtskolleeg, de Miguel Sabino (46 Joer), kréien zanter dem Summer zejoert keng Pai méi. D’Konstruktiounsfirma, fir déi si schaffen, ass um Wee vun der Faillite, obschonn déi nach net vum Geriicht gesprach gouf.

“August, September, Oktober, November, Dezember, 5 Méint an d’Vakanzendeeg... dat alles hunn ech net bezuelt kritt, bis haut”, erkläert de Miguel Sabino.

“Et ass eng ganz schlëmm Situatioun op esou ee Punkt ze kommen. Meng finanziell Sécherheet ass fort, zesumme mat den Erspuernesser. Gott sei dank hate mir der. A Gott sei dank huet meng Fra nach ee Salaire”, sou de 46 Joer ale Papp vun zwee Kanner.

Nach méi batter ass wuel d’Situatioun vum Luis Paiva. Seng lescht komplett Pai krut hien am Juli zejoert, am August war et d’Hallschent, duerno näischt méi. Verluer huet hien zanterhier villes: Seng Suen um Spuerkont, seng laangjäreg Partnerin, säi Schlof.

“Ech verbrénge vill Nuechten ouni ze schlofen. Huele Pëllen, mee och déi hëllefen net. Ech fille mech schwaach am Kapp, richteg schwaach”. D’Prekaritéit, an där hie lieft, an déi ongewëss Zukunft verschlechtere vun Dag zu Dag seng mental Gesondheet.

Fir der Kris entgéintzewierken, accordéiert d’Regierung nach bis Juli verschiddenen Aktivitéitsbranchen aus dem Bausecteur de Chômage partiell. All Betriber rette kann een domat awer net, esou den Tom Meyer, Responsabel fir den Departement vum Sozialdialog am Aarbechtsministère. Verschiddener wiere schonn ze no un enger Faillite, da misst ee realistesch bleiwen an acceptéieren, datt een net all Betrib an Aarbechter opfänke kann.

Fir eng Faillite ze deklaréieren, muss eng Entreprise 3 Konditiounen erfëllen. Et muss ee Betrib sinn a keng ASBL. Et ginn ënnert anerem keng Salairen, Rechnungen oder Steiere méi bezuelt. An de Betrib kritt bei de Banken oder Fournisseure kee Kredit méi. Eng Faillite gëtt net automatesch gesprach, och wann déi 3 Konditiounen erfëllt ginn.

Dofir muss eng vun 3 Demarchë gemaach ginn: Een Aveu de Faillite vun der Gesellschaft selwer, eng Assignation en Faillite vun engem Creancier oder eng direkt Decisioun vum Geriicht, wa genuch Informatioune virleien. Eréischt wann d’Faillite gesprach ass, iwwerhëlt de Curateur d’Rudder. An och dann eréischt gesäit d’Gesetz vir, datt de Staat als Garant opkënnt an den Aarbechter Indemnitéite garantéiert, plafonéiert op ronn 16.000 Euro Brutto.

Ee Montant, deen dacks depasséiert gëtt, wann een d’Indemnitéite vun der Faillite (Mount vun der Faillite, Mount drop an Hallschent vum Preavis) plus d’Salairen, déi bis dohin en Retard sinn, zesummerechent.

Back to Top
CIM LOGO