Et gesäit dono aus, wéi wann de Google-Datenzenter zu Biissen Realitéit gëtt
De Projet Datenzenter Google ass net dout, dat huet de Wirtschaftsminister Lex Delles e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background ze verstoe ginn.
Zënter dem Ufank vum Joer géife rëm intensiv Gespréicher mam amerikaneschen Technologie-Gigant lafen.
Hie wier zouversiichtlech, sou de liberale Minister. Et wieren technesch Reuniounen an deenen hien net dobäi wier. Zejoert waren Informatiounen zirkuléiert, datt de Projet zu Biissen keng Prioritéit méi fir Google wier. D'Firma hat och annoncéiert, Datenzenteren an der Wallonie ze bauen.
Elo richt et also dono, wéi wann den Datenzenter zu Biissen awer kéint Realitéit ginn.
Wat eng Zukunft fir Google zu Lëtzebuerg ugeet, soll bis de Summer eng definitiv Decisioun falen.
An der Vergaangenheet war et Kritik um Projet ginn, ënnert anerem wéinst dem Waasserverbrauch.