E Samschdeg war den Ekonomie-, Energie- an Tourismusminister eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Background am Gespréich mam Lex Delles

De Projet Datenzenter Google ass net dout. Dat huet de Wirtschaftsminister Lex Delles e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background ze verstoe ginn. Zënter dem Ufank vum Joer géifen rëm intensiv Gespréicher mam amerikaneschen Technologie-Gigant lafen. Hie wier zouversiichtlech, sou de liberale Minister. Et wieren am Moment technesch Reuniounen an deenen hien awer net dobäi wier.

Generell gesi soll Lëtzebuerg en Industrie-Standuert bleiwen.

Deen éischten Dossier, deen hien ugepaakt hätt wier dee vun den Aktivitéitszonen, fir genee ze determinéieren, wat wou ka gebaut ginn.

Déi nei Regierung wëll de Schwéierpunkt virun allem och op déi administrativ Vereinfachung leeën. Et gëtt an Aarbechtsgruppe geschafft. Een Zil wier et, datt d'Leit net op diverse Plazen ëmmer erëm déi selwecht Dokumenter mussen erareechen.

De Reproche, datt déi nei Regierung Handlanger vum Patronat wier, léisst de liberale Politiker net gëllen. Eng staark Wirtschaft wier am Interêt vum Land, fir  Aarbechtsplazen ze hunn a fir de Sozialsystem kënnen ze finanzéieren. Ouni Wuesstem géing dat net goen, sou den Invité. Eng Prioritéit wier awer déi energeetesch Transitioun.

De Lex Delles betount mat Nodrock, datt Lëtzebuerg keng Atomenergie wäert ënnerstëtzen. Rezent Aussoe vum Premier Luc Frieden hätten hien den éischte Moment iwwerrascht. Dono hätt de Regierungschef awer kloer gestallt, datt hien dat an engem europäesche Kontext gesot hätt, an datt hien dat net esou gemengt hätt, wéi et eriwwer koum.

Zum Energiepräisdeckel seet de Lex Delles, datt een un enger Léisung géing schaffen, fir d'nächst Joer staark Haussë beim Stroum a Gas ofzefiederen. D'Moossnam vum Präisdeckel soll no an no auslafe gelooss ginn.

A punkto Tourismus wëll den zoustännege Minister Delles ënner anerem bei der Bettekapazitéit an der Hotellerie den Hiewel usetzen.

Am Dossier Heescheverbuet stellt d'Partei sech hannert d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, sou de Lex Delles.

Datt een de Profil vun der DP an der Koalitioun net geséich wier net richteg, d'Regierung wier eng Ekipp, béid Parteie géingen op Aenhéicht agéieren an et wier ganz agreabel mam Premier Luc Frieden ze schaffen.

Datt de Lex Delles iergendwann nationale DP-Spëtzekandidat kéint ginn, déi Fro géing sech lo net stellen.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.